Jugendéquipen vum FC Berdenia Berbourg

Den FC Berdenia Berbourg mëcht zanter ville Jâren eng intensiv Jugendaarbecht an huet an der Saison 2014/2015 iwwer 60 Kanner a Jugendlicher, déi als Jugendspiller aktiv sinn, Hier erfahren Traineren sinn Léit, déi selwer während langer Zäit Fussball gespillt hunn, oder aktiv Spiller an der 1.Equipe vun eisem Veräin sinn,   


  • Bambini
  • Pupilles
  • Poussins
  • Minimes 
  • Scolaires
  • Cadets

Bambinis 

Sie sinn eis jengste Spiller, hieren Trainer ass de langjähregen Spiller vum FC Berdenia Berbourg, de Paul Crelo, dien och schon als Trainer am Seniors-Beräich aktiv war.



Pupilles

Och eis Pupilles spillen an enger ganz flotter an aktiver Equipe, d''Kanner gi vum Gilles Schuder a vum Steve Thoss betréit, alle béid si fréier Fussballspiller, an zanter eng gudder Zäit schons am Jugendberäich aktiv.


 

Poussins

D'Poussins spillen an enger Entente Berdenia Berbourg/Jeunesse Biwer, hier Traineren sinn de Pit Speltz an de Charel Weidert, béid aktiv Spiller an der 1.Equipe vum FC Berdenia Berbourg.

Scolaires

Eis Scolaires-Equipe an der Entente Berdenia Berbourg/Jeunesse Biwer, besteet aus enger Réih Spiller déi zum Deel schons zanter 8 Jâr mat vill Succès Fussball spillen, Sie gi betréit vun den Traineren Guy Artois an Alain Kring, och sie sinn fréier Fussballspiller, déi dës Jongen schons zanter ville Jâren begleeden.

Cadets

Eis Cadets spillen an enger Entente mam CS Grevenmacher, der Union Mertert/Wasserbillig an dem FC Jeunesse Biwer. D'Equipe gëtt trainéiert vun den  Traineren Marcus Weiss an Ayhan Kücükakca.


Spillpläng vun de Jugendequipen

Ennert dësem Link fënnt een de Site vun der FLF, hei kann een de Numm vum Veräin aginn (Berdenia Berbourg, Jeunesse Biwer, CS Grevenmacher) an ët fënnt een de Spillplang mat alle Resultater an Tabellen.

 

Site vun der FLF

 

Um Site vun Berbourger Veräin ass all Freideg de genauen Spillplang vum Weekend, mat Datum, Auerzäit an Terrain vun allen Equipen déi fir den FC Berdenia Berbourg am Championnat spillen.

Jugendkommissioun

Präsident:                         Raoul Schummer

Jugendkoordinator:        Christian Bamberg

                                           Marc Wengler

Sekretär:                           Alain Kring

Mitglieder:                        Guy  Artois 

                                           Georges Konsbruck 

                                           Raym Lahr

                                           Georges Oswald

                                           Marc Pitzen

                                           Gilles Schuder

                                           Steve Thoss

 

 

 

Weider Informatiounen

Fir all Froën zu eisen Jugendequipen, hieren Trainingszäiten oder zum Jugendberäich am Allgemengen, stinn eis 2 Jugendkordinatoren zur Verfügung.

 

Christian Bamberg    691 680 700

Marc Wengler           621 492 545 

Share |