Seniors 2: Gudde Start an déi nei Saison

Berdenia Berbourg - US Sandweiler  2:1 (2:0)

 

 

 

Wieder: Reen 17°C

 

Terrain: Gras

 

Freideg, 25.08.2017 um 20h00

 

Zuschauer: +- 40

 

Arbitter: Schmit John

 

Evolutioun vum Score: 1:0  2:0   2:1

 

 

 

Goaler: Steven Dos Santos, Jérôme Oswald

 

Giel Kaart: Yves Dahm ; Steven Dos Santos

 

Giel/Roud Kaart: Paulo Lopes

 

 

Fazit:

 

 

 

“Mir si Berbuerg"

 

 

No enger gudder Viirbereedung mat intensiven Trainingseenheeten waren d'Weichen gesaat fir dëst Saison an Ungrëff ze huelen. Bemängelen mussen mir natierlech déi Villzuel un Verletzter a Vacancieeën, mee daat ass am Seniorsberäich 1 och nët aanescht ueschter d'Land.

 

 

E Saisonoptakt mat enger Victoire iwwert e gudden Géigner vu Sandweiler. Mir hunn vun Unfank un dem Match éisen Stempel opgedrëckt. Méi Ballbesëtz, Gewënn vunn den 1. an 2. Bäll an ee variéiert Opbauspill hun éis kloer Iwwerleeënheet an der Éischter hallschent ausgemaach.

 

 

Do sin mir och zu eiser 2:0 Féierung komm, ouni Iwweraschung. Mir hätten och nach déi eng oder aaner Chance weider verwäerte sollen, wat ons eng méi komfortabel Avance gin hätt.

 

 

Mee deemno hun mir den Match aus der Hand gin, nodeems den Paulo Lopes duerch wierderhuelt meckeren, Giel-Roud kruut.

 

 

Ab deem Moment hunn déi spilleresch verséiert Sandweiler Spiller hiiren Part iwwerholl an konnten op 2:1 reduzéieren, e Goal, deen awwer verhënnert hätt kéinten gin, et war eng Successioun vun individuellen Fehler déi dozou geféiert hun.

 

 

De Bob Schrantz konnt éis mat däer enger an aanerer Parade nach am Match haalen an mir hu missen an der Ënnerzuel laang kämpfen bis daat 2 Sandweiler Spiller wéinst Onsportlechkeeten vum Terrain hun missen roofgoen.

 

 

Duerch Kampf an Wëllen hu mir d'Resultat oprechterhaal a bei munchen Konterchancen vum Mike Carvalho, Steven Dos Santos oder Mohammad Alizadeh huet éis déi néideg "coolness" virum Goal gefeelt fir den Saak zouzemaachen.

 

 

Nodeems den Jérôme Oswald just nach "op der Felge" gelaaf ass (hien war ugeschloen an de Match gaang), huet de Jo Pitzen beim leschten Undrang vum opbäumelnden Géigner d'Réim zougemaach.

 

Besonnesch Viirkommnis:  Éischten offiziellen Ansaatz fir éise Mohammad Alizadeh, dien mat Asaatz a Wëllen éis Reihen vun den "Onbezähmbaren Bieren" vervollstännegt! Momo, bienvenue à la maison!

 

 

Mir si Berbuerg!!!

 

 

Équipe: Bob Schrantz ; Serge Hoscheid (c); Ben Ruppert; Max Schrantz; Pit Chennaux ; Paulo Lopes ; Yves Dahm ; Jérôme Oswald ; Mike Carvalho ; Leandro Lopes ; Steven Dos Santos

 

 

Reserve: Mohammad Alizadeh (65' angewiesselt fir den Pit Chennaux) ; Jo Pitzen (80’ angewiesselt fir de Jérôme Oswald)

 

Share |