Keng Punkten géint Bartreng a Munsbach

Sporting Bertrange – Berdenia Berbourg 1:0 (0:0)

 

 

 

Op engem Terrain wou een esou gutt wéi kee Fussball spillen kann, hu béid Equipen ët nët hikritt ee proppere Ball ze spillen. De Match war extrem hart, a virun allem d’Haushäeren haaten e puer ganz sauer Fehler wou des öfteren d’Gesondheet vun de Spiller a  Gefoer bruecht gouf. Den Arbiter huet dat toleréiert an esou war de ganzen Match iwer vu villen Onsportlechkeeten gepräegt.

 

 

 

Esou war och kee Spillfloss am Match, a wann ët geféierlech gouf dann durch Standartsituatiounen, wou Bartreng bal ëmmer am Virdeel war, well se den Terrain gewinnt sinn.

 

 

 

Vun Ufank un war et kloer dass de Match op Standardsituatiounen hinn entscheed géing ginn. Esou koum et dann da kuerz nô der Pause Bartreng e Fräistouss an eisen Strofraum brengt, de Ball um Terrain versprengt a beim Stiermer land, dien den Ball da propper lanscht de Lima zum 1:0 fir Bartreng leet.

 

 

 

Ab deem Moment huet Berburg de Match an d’Hand geholl, haat awer ganz vill mat Géigner an Terrain ze kämpfen. An der 80 Minutt krutt Berbourg nach en Goal wéinst Abseits oferkannt.

 

 

 

Daat waren och schon d’Highlights vum Match, béid Equipen hun exzellent Fussballspiller, déi et verdengt haeten op engem gudden Terrain openeen ze treffen.

 

 

 

Equipe: Lima; Weidert; Petry; Kaufmann; Blau; Benner; Sabotic; Boussi; Wagner; Pires;Laouira

 

 

 

Reserve: Schranz; da Cruz; Leconte; Sauber

 

 

 

 

 

Berdenia Berbourg . FC Munsbach  3:5 (0:2)

 

 

 

Et war e Match dien op keen Fall häett duerfe verluer göen, well d’Equipe et dôduerch nët méi an der eegener Hand an de Barragmatch ze kommen.

 

 

 

An awer ass ët esou gewschitt

 

 

 

 

 

25' 0:1    40m Schoss, de Ball tuppt op an geet iwert de Goal

 

 

 

35' 0-2   eis lénks Säit gesäit ganz aal aus, gëtt iwwerlaaf an den Stiermer huet keen Problem domat den 2ten Goal ze maachen

 

 

 

60' 0:3 mir gin erëm iwwer lénks komplett iwerrannt, alleng virum Keeper leet de Stiermer de Ball propper laanscht de Lima an de Goal

 

 

 

70' 1:3 den Da Cruz spillt dem Schuster an de Laaf, dien setzt sech géint säi Géigner durch, leet eriwwer an de Laouira schéisst en eran.

 

 

 

75' 2:3 nô engem Fräistouss vun lenks schéisst de Weidert de Ball propper an den Eck

 

 

 

82' 3 :3 Fräistouss vun lenks, den Da Luz käppt en an den laangen Eck

 

 

 

90' 3:4 langen Ball vum Keeper, eise Verteideger rennt laanscht den Ball an den Stiermer steet nees alleng virun einem Keeper an mëcht de 4 Goal fir Mënsbëch

 

Equipe: Lima, Petry, Dos Santos, Weidert, Kaufmann, Benner, Sabotic, Boussi, Wagner, da Luz, Laouira

 

 

 

Reserve : Schrantz, Leconte, da Cruz, Blau, Schuster

 

 

 

Iwwer de leschte Match géint d’Union Remich/Bous dien mat 4 :3 verluer gangen ass, kënnt nach e separaten Ofschlossbericht.

 

Share |