D'Gewenner vum Duerfbeschass

 

E Sonndeg de 14. Mee war d'Premiere vum Koubingo 'Berbuerger Duerfbeschass' am Stade Renert.

 

 

 

D'Kou Lotti ass pünktlech um 12 Auer an d'Arena amarschéiert an huet sech direkt wuelgefillt. Nom éischte Beschnupperen, kruten d'Zuschauer direkt e bessen Action gebueden. D'Kou war nämlech iwwert den elektreschen Drot ausgebéchst an ennert der Cloture duerch d'Trapen erop Richtung syntheteschen Terrain ennerwee. Nodeems d'Lotti sech awer rem zréck op d´Spillfeld leede gelooss huet, waren e puer Kouflüsterer am Asaz fir dass se och do sollt bleiwen. Um 13h15 ass et der Kou dunn awer duergaang an huet hiren éischte Flapp gemaach, deen dann och d'Gewennerfeld déterminéiert huet.

 

 

 

Nom Ausmossen stoung d'Feld G23 als Gewenner fest. De groussen Jackpot deelen sech deemno d'Besetzer vun den Ticketen mat den Nummeren FCBB0352 an FCBB1415.

 

 

 

Déi Leit déi op d'Felder ronderem gesat hun (F22, F23, F24, G22, G24, H22, H23 an H24) kennen sech och nach op e klenge Gewenn freeen. Et handelt sech heibäi em d'Ticketen mat de folgenden Nummeren:

 

 

 

FCBB0351

 

FCBB0353

 

FCBB0354

 

FCBB0377

 

FCBB0507

 

FCBB0590

 

FCBB0648

 

FCBB0807

 

FCBB0832

 

FCBB1418

 

FCBB1514

 

FCBB1833

 

FCBB2009

 

 

 

D'Gewënner ginn perséinlech kontakteiert.

 

 

 

Et war e flotte Spektakel. Merci all de Leit déi matgemaach hun.

 

Share |