1. Schrëtt an der Kaderplanung fir d'Saison 2017/2018

 

Nô der beschter Saison an der Veräinsgeschicht mat enger 3. Plaatz an der 1.Divisioun, dreift de Veräin seng Planung fir déi nei Saison virunn. Gewosst ass jo zanter kuerzem, dass eis Equipe vum Patrick Zöllner wäert trainéiert ginn.

 

Ënnerstëtzt gët hien dobäi vum Ibrahim Diop, deen och nächst Saison säi Rôle als Co-Trainer a Spiller wäert weider féieren. Eis Goalkeepere gi weiderhin vum Daniel Becker trainéiert. Och de Coach vun eiser 2. Equipe, de Jorge Freitas wäert seng Aufgab weider féieren.

 

 

Bei de Spiller setzt de Veräin dann och op Kontinuitéit.

 

Sou hunn, nieft deene Spiller, déi nach e gültege Kontrakt hun, folgend Spiller bei eis verlängert :

 

Charel Weidert, Manu Kaufmann, David Schuster, Pit Wagner, Daniel Benner, Daniel Contrino, Dany Leconte, Achmed Boussi, Michael Blau an de Rayane Laouira.

 

Weider Verlängerungen an déi éischt Neizougäng wäerten an den nächsten Deeg folgen.

 

 

 

Share |