Duerfbeschass zu Berbourg

 

 

Dëse Sonndeg 14. Mee 2017 ass de groussen “Berbuerger Duerfbeschass” am Stade Renert. Ab 12:00 Auer kënnt Dir Iech  dëse Koubingo-Spektakel live am Stade Renert ukucken a matfieberen op wéi eng Plaatz um Terrain d'Kou dann lô schlussendlech hire Flapp mecht.

 

 

Wien am Viirfeld déi richteg Parzell reservéiert huet, kann ëmmerhin den Jackpot mat bis zu 3.125.- Euro gewannen.

 

 

Niewt der Kou këmmeren mir eis natierlech och ëm d'Wuelergoën vun eisen Zuschauer. Dofir zerwéieren mir just dëse Sonndeg an der Buvette vum Stade Renert de summerlechen Cocktail "Cosmo Fiss" an eng lecker Currywurscht mat hausmaacher Zooss a Fritten.

 

 

 

Um 16:00 Auer ass dann och de leschten Heemmatch vun der Saison géint Munsbach, wou eis 1.Equipe muss déi 3 Punkten zu Berbourg ze haalen.

 

Loosst Iech also den Duerfbeschass an dee wichtegen Heemmatch e Sondeg nët entgoën!

 

Share |