Seniors I: Weider um richtegen Wee, 3 Punkten auswärts.

CS Sanem - FC Berdenia Berbourg 2:5 (1:2)


Och zu Suessem konnten eis Jongen nët geschloë ginn: sie hu sech um Enn héichverdéngt mat 5:2 beim Opsteiger zu Suessem behaapt.

Vun Ufank un, hunn déi Orange d'Heft an d'Hand geholl an den Match diktéiert. Déi Suessemer goufen fréi gestéiert a koumen an der 1ter halwer Stonn guer nët an de Match.

No enger décker veirel Stonn koum et zum éischten Opreeger, wéi engem Verteideger am Stroofraum de Ball un d'Hand spréngt an den Arbitter keen aaneren Choix haat, wéi op de Punkt ze weisen. Den Ahmed Boussi léisst dem Keeper keng Chance, 0:1 fir Berbuerg.

10 Minutten drop konnten dei Orange erhéigen: Den Idelson dos Santos setzt sech am Laafduell op lénks duerch, flankt ran an, an der Mëtt klëmmt den Rayane Laouira am héichsten a verwandelt per Kappball onhaalbar zum 0:2.

Ab der 30. Minutt awer konnten den CS Sanem sech fannen an hunn ugefaangen Drock nô vir opzebauen, ouni awer lo zu richteg geféierlechen Aktiounen ze kommen. Kuerz virun der Paus konnten se awer verkierzen: Eng laang diagonal Pass hiewelt eis Verteidegung op der lénkser Säit aus, de Suessemer Spiller spillt de Ball flaach an d'Mëtt wou de Stiermer den Ball nach iergendwéi iwwert d'Linn drécken kann.

Nom Pausentéi huet et e bësschen gedauert, bis déi Berbuerger rëm hiere Rythmus haaten.

An der 70. Minutt konnten se op 1:3 erheichen. No engem Fräistouss geléngt et dem Charel Weidert iergendwéi per Kapp de Ball op lénks ze leeën, wou den Boussi fräistehend per Volley annetzen kann.

Dëst huet fir Réckenwand gesuergt, dei Suessemer goufen un d'Mauer gespillt:

Den 1:4 fällt an der 80.Minutt. E Fräistouss gëtt schnell iwwert riets op den grad agewiesselten Michael Blau ausgefouert, dien flankt direkt aus vollem Laaf an fënnt an der Mett den Laouira, deen ërem per Kapp markéieren kann.

4 Minutten drop den 15: rem den Laouira, dien aleng an de Stroofraum geet an äiskaal flaach an de laangen Eck verwandelt.

Kuerz viru Schluss nach Resultats-Kosmetik, wéi Suessem op 2:5 verkierzen kann, déi Berbuerger waaren do nët méi wierklech konzentréiert.

Wichtegen 3er, géint eng Suessemer Equipe, déi trotz dem héijen Réckstand nie opgehaalen huet mat Kämpfen. Alles an allem awer eng zolitt a souverän Leeschtung.

Dëse Mëttwoch 10.05.2017 ass um 19h30 deen enorm wichtegen Nôhuelmatch zu Bartreng. Och an dësem Match gëllt ët wiederhinn konzentréiert ze bléiwen an d’Punkten mat op Berbourg e huelen.


Dofir kommt den Mettwoch alleguerten op Bartreng, fir eis Jongen mat allem waat der huet ze ënnerstëtzen!

FCBB: Lima - Kaufmann, Weidert, Petry, Dos Santos (75.Blau) - Boussi, Sabotic, Benner, Da Cruz (44.Schuster), Wagner (72. Le Conte) - Laouira

Reserve: Hristov, Schuster, Blau, LeConte, Sauber

Share |