Seniors 1: D'grouss Ziel nach ëmmer fest am Bléck

Berdenia Berbourg – Blô-Wäiss Itzig   4:0 (1:0)

 

 

Am Kampf ëm den Opstieg huet Berbourg 3 weider wichteg Punkten geholl. Leschte Mëttwoch virun ongeféier 120 Zuschauer huet Berbourg mat 4:0 géint Itzeg gewonnen, dobäi war den Berbuerger Triumph zu kengem Moment an Gefoer.

 

Berbourg huet de Match vun Unfank un dominéiert a sech eng grouss Unzuel u Chancen erausgespillt. Virun allem iwwert Wagner, Boussi an da Luz waren eis Farwen ëmmer geféierlech. Dobäi stoung virun allem den da Luz am Mëttelpunkt wéi en an der 5 Minutt alleng virum Keeper steet an den Ball riet op den schéisst. An der 10 Minutt war et dann de Pit Wagner dien de Ball op 25m kritt, sech traut, a mat engem fulminanten Schoss an den Wenkel de Score fir Berbourg opmëcht.

 

Nô dem 1:0 bléiwt Berbourg weiderhinn héich um Terrain, mëcht Drock op den Géigner a spilt sech weider gutt Chancen eraus. Boussi, Laouira an nach eng Kéier da Luz scheiteren allerdengs un engem ganz staarken Reuter am géignereschen Goal.

 

1:0 war dann och den Pausenstand

 

No dem Téi ass alles beim selwechten bliwwen, Berbourg dominéiert, huet vill Ballbesëtz a spillt sech vill Chancen eraus. Wann Itzeg mol geféierlech ginn ass, dann iwwert Standartsituatiounen, dô war allerdengs de Lima ëmmer ganz stark an der Strofraumbeherrschung an huet sech all Ball gepléckt.

 

An der 56 Minutt gëtt de Laouira vum Wagner an d’ Déift geschéckt, dien setzt sech gutt géint säi Géigespiller durch an huet kee Problem domat den 2:0 ze maachen.  An der 61 Minutt kritt Berbourg en Eelëfmeter zougesprach nodiems de Boussi am Stroofraum vun de Been geholl gouf. De Boussi trëtt selwer un an verwandelt ganz sëcher zum 3:0.

 

Och dunn huet Berbourg sech net ginn a weider gedréckt. Virun allem iwert den angewiesselten david Schuster war Berbourg ëmmer geféierlech. An der 85 Minutt geet de Boussi iwer riets an den Zweekampf, setzt sech durch, flankt op deen zweeten Poteau wou den Schuster de Ball erakäeppt.

Domat war d’ Endresultat perfekt!

 

Berbourg wënnt mat 4:0 a kann säi Virsprong vun 2 Punkten op déi drëtt Plaatz weider verteidegen.

 

Dëse Sonndeg 07.05.2015 gi mer eis um 16:00 Rendez-vous zu Suessem fir e weideren ganz schwéieren Match. Och dô muss Berbourg erëm Alles ginn fir an den Barragematch ze kommen. Kommt all mat op Suessem eis Jongen an deem Kampf ze ënnerstëtzen.

 

Equipe: Lima; Blau; Petry; Weidert; Pires; Sabotic; Benner; Wagner; Boussi; da Luz; Laouira

 

Reserve: Faber; Schuster; da Cruz; Sauber; Leconte

Share |