Seniors 2 : Nach ass Alles dran am Kampf fir de Klassenerhalt

Union Mertert-Wasserbillig - FC Berdenia Berbuerg  5:0

 

 

 

Arbitter: Schiltz Herbert

 

Giel Kaart: Frondizi Eric

 

 

ÉQUIPE: Schrantz Bob; Hoscheid Serge; Ben Ruppert; Eric Frondizi (C) ; Chennaux Pit; Schrantz Max ; Sauber Chris ; Dahm Yves ; Göpel Jaspar; Benner Daniel; Yannick Freitas

 

Réserve: Laurent Laugs (65' angewiesselt fir den Hoscheid Serge)

 

 

Fazit: Bis zum 1:0 huet eis Equipe d'Stellung gehaal an stoung defensiv gutt dô. Déi zwee individuell Fehler virun der Halbzeit hunn éis dunn awwer zréckgeworf an de Match zu Gonschten vun den Haushäeren entscheed. Et gëllt lo géint den Swift Hesper eng Victoire anzefueren.

 

 

 

Berdenia Berbuerg-Swift Hesperange 10:1

 

 

 

Arbitter: Herbert Schiltz

 

Goaler:

 

Frank Christophe 4x

 

Laouira Rayane 3x

 

Daniel Benner

 

Yannick Freitas

 

Pit Chennaux

 

 

 

ÉQUIPE: Hristov Georgi ; Leconte Danny ; Ruppert Ben; Frondizi Eric; Sauber Chris; Guth Serge (c); Benner Daniel; Charel Weidert; Pires dos Santos Idelson ; Frank Christophe ; Laouira Rayane

 

Réserve: Pit Chennaux (62' fir den Charel Weidert) ; Schrantz Max (46' fir Pires dos Santos Idelson)

 

Freitas Yannick (60' fir den Laouira Rayane)

 

 

Fazit: Eng souverän Leeschtung géint een schwaachen an am laaf vum Match geschwächten Géigner. Déi éischt 3 Goaler faalen no fantastescher Viirarbescht vun éisem néien "ailier" Charel Weidert op den Laouira Rayane, deen sech an der zweeter Equipe deen néidegen Erfollegserlebnis an Selbstvertrauen oofhuelen kënnt fir an der éischter Equipe am Moment décisiv ze sin. De Christophe Frank huet mol sengen Stiermerqualitéiten fräien Laaf gelooss an huet mat sengen 4 markéierten Goaler ganz bestëmmt zum Goalaverage baigedroen.

 

Mat deem Resultat bleiwen mir am Wandschiet vun der Entente Wuermer/Menster an gin voller Elan an éis 3 läscht Finallen.

 

Mir sin Berbuerg!

 

 

 

Share |