Seniors 1: Et bléiwt spannend am Kampf fir den Opstieg

Berdenia Berbourg – Koeppchen Wormeldange 1:2 (0:1)

 

 

 

Et war eng turbulent Woch fir den FC Berdenia Berbourg a sengem Kampf fir Punkten ëm den Opstieg.

 

 

Den Match géint Wuermer huet net gutt ungefaangen, direkt no 7 Minuten ass Wuermer mat 0:1 a Féierung gangen. Nô enger schneller Kombinatioun iwer riets koum den Ball an eise Strofraum, de Petry probéiert de Ball ze dégageieren, schöisst dobäi onglécklech den Dos Santos un an den Ball land am Goal. Domadder stoung et 0:1 fir Wuermer.

 

 

Ab dem Moment huet Berbourg proböiert d’ Spill an d’ Hand ze huelen, wat eis awer nët richteg gelongen ass well den Géigner ganz gutt op eis agestallt war.

 

An der 30. Minute gëtt de Boussi am géignereche Strofraum vun den Been geholl, Eelëfmeter fir Berbourg. Den da Luz trëtt u fir deen ze schéissen, de Ball geet an d’ Mëtt vum Goal an de Keeper häelt de Ball, vun dësem Schock huet Berbourg sech de ganzen Match nët méi erholl.

 

 

Nô der Pause ass ganz vill am Mëttelfeld gespillt ginn, ouni vill Chancen op béiden Säiten. Wuermer huet sech zereckgezunn an op enKonter gehofft vir d’Spill domat ze entscheeden, wat hinnen och gelongen ass an der 70. Minute fir den 0:2 ze schéissen.

 

 

Domat steet Berbourg ënner Drock, an déi lescht Minutten geheit Berbourg alles no vir an an der 85 Spillminute gelengt et dem Laouira an enger fantastescher Eenzelaktioun nach op 1:2 ze verkierzen.

 

 

Et sollt awer net méi duergoen fir nach e Punkt aus deem Match ze kréien.

 

 

Equipe: Faber, Sauber, Diop, dos Santos, Petry, Kaufmann, da Cruz, Wagner, Boussi, da Luz, Laouira

 

Reserve: Schranz, Benner, Schuster, Blau

 

 

 

 

 

FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch – Berdenia Berbourg  0:1 (0:0)             

 

 

 

Mëttwochs stoungen mer am Paffendall extrem ënner Drock, e Match dien op kee Fall duerft verluer goën. A genau sou huet Berbourg sech och präsentéiert, vun Ufank un ware mir déi dominant Equipe.

 

 

Berbourg huet sech ganz vill Chancen erausgespillt, sinn awer ëmmer erëm un engem extrem gudden Paffendaller Keeper gescheitert. Wéi zum Beispill an der 20. Minute wou den Boussi vum da Luz super fräigespillt gëtt, allng virum Keeper steet mee dësen nët iwwerwannen kann. Oder an der 45. Minutt, wou no engem Corner den Diop den Ball quasi an den Wenkel käeppt, mee och do kritt de Keeper deen nach eraus gefëscht.

 

 

Esou huet de Paffendall et sengem Keeper ze verdanken, dat ët mat 0:0 an d’ Pause gangen ass. Nô der Paus en äehnlecht Bild, Berbourg dominéiert, huet vill Chancen, scheitert awer ëmmer erëm um Keeper oder un eiser eegener Treffsëcherheet.

 

 

An der 2ter Halbzäit kann dann awer och den Paafendall vu mei Plaatz profiteieren fir geféierlech Konteren ze setzen. Et heescht also fir eis Faarwen oppassen.

 

 

An der 75. Minute dann endlech den Befreiungsschlag. No engem Fräistouss kënnt de Ball bei den Weidert, deen leet en eriwer op den Laouira an dee mecht den 0:1 fir déi Orange.

 

 

An der leschter Minute gouf et nach eng Schrecksekonn fir Berbourg, wéi nô engem Corner e Paffendaller de Ball ënnert d’ Laat käeppt, mee och mir hun en fantastechen Keeper deen de Ball eraus hëllt.

 

 

 

Domadder blewit et weiderhinn spannend am Kampf ëm d’ Barrageplatz. Berbourg bleiwt Zweeten mat elo 2 Punkten Virsprong op Kayl.

 

 

E Mëttwoch, den 03.05.2017 geet et weider bei eis doheem um 20:00 Auer géint Itzeg, och dee Match muss onbedengt gewonnen ginn.  Mir hoffen weiderhin op d’Ënnerstëtzung vun all eisen Fans am Kampf fir den Opstieg.

 

 

Equipe: Lima, Blau, Kaufmann, Weidert, Petry, Sabotic, Diop, da Cruz, Boussi, pires, da Luz,

 

Reserve: Schranz, Leconte, Wagner, Benner, Laouira

 

 

 

Share |