Patrick Zöllner, neien Trainer beim FC Berdenia Berbourg

Nodeems scho méi laang gewosst ass, dat eisen aktuellen Trainer Luc Muller säin Amt nächst Saison nët méi wëll weiderféieren, huet de Comité vum Club beschloss, dem Patrick Zöllner d’Aufgab als Cheftrainer ab der Saison 2017/2018 ze iwwerdroën.

Hien huet als Trainer bis elo beim SV Sirzenich, dem SV Konz, dem FSV Tarforst an dem FC Victoria Rosport geschafft.

Als Spiller war hie fréier och schon am Grand-Duché täteg. Sou huet hien ënnert ânerem als Kapitän dozou bäigedroen, dat den FC Victoria Rosport sëch an der Saison 2004/2005 fir den UEFA Inter-Toto Cup konnt qualifizéieren.

De Patrick Zöllner huet 41 Joer, ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

 

Mir heeschen de Patrick häerzlech wëllkomm a wënschen him vill Freed an Erfolleg bei eis am Veräin.

Share |