Seniors 1: Nô 2:0 Féierung, Match awer nach verluer

FC Schëffleng 95 - Berdenia  Berbourg 3:2 (1:2)

 

 

 

7' E Fräistouss vum Da Luz geet just iwert d' Laat

 

 

 

15' den Da Luz gëtt super vum da Cruz fräigespillt, mee en verzitt de Schoss laanscht de Goal

 

 

 

25' Et ass e rouegen Match, ouni Chancen. Schëffleng huet méi Ballbesëtz, et spillt sech alles am Mettelfeld of

 

 

 

27' grouss Chance fir Berbourg. No enger Flank vum Boussi, hëllt de Pires de Ball am Strofraum volley, mee de Keeper hält den Ball.

 

 

 

28' 1:0 fir Berbourg, nô engem Corner kreien d' Schëfflenger den Ball nët dégageiert, den da Cruz profiteiert dovun an platzéiert de Ball an den Eck

 

 

 

36' 2-0 fir Berbourg, de Blau brengt no guddem Zesummenspill mam Boussi de Ball an den Strofraum wou den Pires um zweeten Poteau den Goal mecht

 

 

 

39' geféierlechen Waitschoss vun Scheffleng.

 

 

 

43' 2:1 de Stiermer mecht en Sololaaf vu 50m durch eis Équipe, steet alleng virum Faber an schéisst de Ball eran

 

 

 

Halbzeitstand 2:1 fir Berbourg

 

 

 

60' 2:2 op Eelefmeter

 

 

 

65' geféierlechen Fräistouss vu Scheffleng, geet knapp laanscht de Goal

 

 

 

70: 3:2 fir Scheffleng, Flank vun riets, den Keeper kritt net gekläert an de Stiermer käppt den Ball an den Goal

 

 

 

83' grouss Chance fir Berbourg, nô engem Corner käppt den da Luz op d' Laat, de Ball fällt op d' Linn an den Laouira schéisst iwwert de Goal

 

 

 

90' grouss Chance fir Berbourg, no engem Corner kritt den da Cruz den Ball op den Fouss an schéisst dësen op d' Laat

 

 

 

Fazit: Wann een enVirsprong vun 2:0 hiergëtt, dann huet een eppes falsch gemaach. Berbourg huet 30 Minuten. gutt gespillt, nô der Pause ass allerdings d' RouH an de Kampfgeescht wuel an der Kabine bliwwen. Ze vill individuell Fehler an nêt genuch Rou um Ball hun eis zweet Halbzeit dominéiert. Mir sinn nach wéi vor am Rennen ëm den Opstieg, dierfen eis awer keng gréisser Ausrutscher mei erlaaben.

 

 

 

En groussen Merci un d' Fans déi de ganzen Match iwwer eis Équipe enerstezt hun.

 

 

 

Équipe : Faber, Blau, Dos Santos, Weidert, Kaufmann, Sabotic, da Cruz, Pires, Wagner, Boussi, da Luz

 

 

 

Reserve : Hristov, Sauber, Le Conte, Schuster, Laouira

 

Share |