Seniors 1:  Nô engem Ausrutscher an der Millebach, revanchéiert Berbourg sech doheem géint Bieles

Millebaach – Berbourg  4:0 (2:0)


6' éischt grouss Chance fir Berbourg. No engem Aworf steet den Diop alleng virum Keeper scheisst, mee den Keeper hält den Ball fantastech

12' 1:0 fir Millebaach No enger konfuser Aktioun bei eis am Strofraum, kritt eis Verteidigung den Ball net dégagéiert. Dorophin schéisst de Stiermer de Ball an den Goal

23' Berbourg kritt dem Géigener seng laang Bäll net an de Grëff. Millebaach huet mei vum Match, ouni awer gross Chancen ze hun

32' 2:0 No engem scharf geschossenen Fräistouss vun der rietser Säit, käppt de Benner de Ball onglécklech an den eegenen Goal

2:0 Halbzäit

50' de Louira setzt sech gutt géint säi Géigespiller duerch, a kënnt zum Ofschloss. De Keeper hällt de Ball

55' grouss Chance fir d Millebaach, den Stiermer leeft alleng op den Goal, mee den Lima kënnt ganz gutt eraus

60' roud Kaart fir den Diop wéinst meckeren

62' 3:0 durch en Eelëfmeter fir Millebaach

70' 4:0 de Millenbaacher Spiller setzt sech op lenks durch geet an den Strofraum an schléisst of

Fazit: E Match fir ze vergiessen: Berbourg ass nie richteg an den Match komm an d Millebaach huet et äiskaal ausgenotzt.

Équipe: Lima, Benner, Weidert, dos Santos, Kaufmann, Diop, Sabotic, Pires, da Cruz, Boussi, da Luz
Reserve: Faber, Blau, Schuster, Sauber, Laouira.

Berdenia Berbourg – FC The Belval Bieles 3:1 (0:1)


5' geféierlechen Distanzschoss aus 30m vu Bieles. De Ball geet just iwert d' Laat

8' No engem Fräistouss fir Berbourg am Mëttelfeld verlängert de Weidert de Ball, den dos Santos zitt of, mee den Keeper hält den Ball op der Linn.

10' no enger Flank vum Da Luz hëllt de Boussi den Ball volley, verzitt awer laanscht de Goal. Berbourg dominiert den Match

15' 1:0 fir Bieles durch en 11m

45' Fräistouss fir Berbourg am Mëttelfeld, de Keeper enerleeft en, an den Da Luz käppt den Ball Richtung Goal wou de Verteidiger de Ball vun der Linn kratzt

Halbzeit 0:1

50' nô engem Conter kënnt de Bieleser Spiller am 5m zum Kappball, den Lima rett den Ball op der Linn

57' 1:1 de Boussi setzt sech riets super durch, hien flankt op den éischten Poteau an den da Luz käppt eran

60' 2:1 fir Berbourg
De Schuster iwerleeft alles op senger Säit, geet op d Linn an leet den Ball zréck. De Boussi brauch de Ball just eran ze drecken

65' Wäitschoss vum Da Luz geet knapp iwert d Laat

70' 3:1 Copy paste vum 2:1 mat dës Kéier dem da Luz um Ofschloss

82'  gutt Chance fir Bieles, op e Conter hinn steet de Stiermer alleng virum Lima, dien paréiert de Ball awer

Endstand 3:1 fir Berbourg


Fazit: Nô engem ganz schlechten Match vum leschten Sonndeg, war et wichteg desen Match nët nëmmen ze gewannen, mee och ze iwerzeegen. Daat ass der Équipe och gelongen. De Match ass komplett vun Berbourg dominéiert ginn. Eis Jongen wollten den Zuschauer weisen dass de Match op der Millebaach en Ausrutscher war, an daat hu se androcksvoll hikritt

Bravo!

Wieder geet e Sondeg auswäerts um 16:00 Auer géint Schëffleng, während eis Seniors 2 sen Owend doheem géint Schëffleng 2 spillen.



Équipe: Lima, Blau, Weidert, dos Santos, Kaufmann, Sabotic, da Cruz, Pires, Wagner, Boussi, da Luz
Reserve:Faber, Benner, Sauber, Schuster, Le Conte

 

 

Share |