Megafusioun am Osten

Zanter enger gewësser Zäit, an ënner strenger Geheimhaltung sinn d'Veräiner vum FC Berdenia Berbourg a vum CS Grevenmacher mat Fusionsgespréicher amgangen. De sportlech nët méi sou erfollegräichen Veräin vun der Musel, an déi Berbourger déi bis elo eng gutt Saison gespillt hunn, wieren sech op Macher Ufrô hinn méi nô komm, a vill Détailer si schons gekläert. Virbild ass heibéi d'Jugendentente tëschend den 3 Veräiner vu Berbourg, Biwer a Grevenmacher déi schons zanter 2 Jâr ganz gutt funktionnéiert.

 

Ee vun de Knackpunkter vun de Gespréicher war de Numm vum neien Veräin, wou och déi 2 Buergermeeschteren Gloden a Frank ageschallt goufen. No intensiven Gespréicher soll de Fusiounsveräin CS 17 Berdenia Gréiwebourg heeschen, wann d'Membren vun den 2 Veräiner heimadder d'accord sinn. 

 

Och Beobachter vum Biwer Veräin waren béi den Diskussiounen derbäi, sie hunn awer nach keng Entscheedung geholl, well sie a leschter Zäit emol erëm e puer Matcher gewonn hunn.

 

Haut um 11:00 Auer lued de Comité op eng Pressekonferenz béim Sponsor "Café béim Béichtstull" an, och d'Membren a Supporter dierfen derbäi sinn.

 

De Claude Wampach ënnerschreiwt am Numm vum Präsident Raoul Schummer, dien am Ausland war
De Claude Wampach ënnerschreiwt am Numm vum Präsident Raoul Schummer, dien am Ausland war
Share |