Seniors 1: Berbourg deelt sech d'Punkten mat Jonglënster

Berdenia Berbourg – Jeunesse Junglinster1:1 (0:0)

 

 

 

 

 

Trotz dem schéine Wierder ass éischter keng richteg Feierstëmmung bei de Supporter opkomm. Nôdiems sie gutt zu Mëtteg giess haaten um Fréijârsfest vum Berbourger Football, war de Kascht dien um Terrain gebueden ginn ass, nët nô jiddferengem sengem Goût.

 

 

 

7' gudden Kappball vu Junglinster, de Ball geet knapp iwer de Goal

 

 

 

23' de Sabotic spillt en super Ball op riets eraus op de Boussi, dee behält d’Nerven nët am 1 géint 1 mam Keeper a verpasst eng ganz gutt Geleeënheet fir Berbourg

 

 

 

31' de Boussi setzt sech op Riets gutt durch an scheésst präzis an den Wenkel, mee de Keeper hält de Ball mat engem gudden Reflex

 

 

 

44' no engem Gewulls am Mëttelfeld steht ebeemol de Lënster Stiermer alleng virum Goal, verzitt awer den Schoss laancht den Goal

 

 

 

Halbzeit 0:0

 

 

 

47' 1:0 fir Berbourg : nô engen Fräistouss steet de Boussi alleng mam Ball op der Linn, leet en zréck op den Dos Santos an deen dréckt de Ball iwert d Goallinn

 

 

 

56' 1:1 Lënster setzt sech op lenks durch, den Spiller leet den Ball zreck an den Stiermer dréckt de Ball an de Goal

 

 

 

75' grouss Chance fir Jonglënster, de Pires kratzt den Ball vun der Linn

 

 

 

90' Junglinster schöisst e Fräistouss op de Poteau

 

 

 

Fazit: An engem éischter schwache Match, deelen sech béid Equipen d'Punkten. Berbourg huet dem Géigner de Ball iwerlooss an huet op Conter gespillt. Leider konnten mir nët vum Ausrutscher vun der Millebach profitéieren, eis Géigner hannert eis haalen mer awer op Distanz.

 

 

 

Nächsten Sonndeg kënnt et dann zum Spëtzenduell an eiser Division, wou Berbourg dann op der Millebach alles muss ginn fir am Rennen ze bleiwen.

 

 

 

Dofir bieden mir eis Supporter eis nächste Sondeg zahlreich op d Millenbaach ënnerstetzen ze kommen.

 

 

 

Équipe : Lima, Benner, Weidert, dos Santos, Pires, Sabotic, Diop, Wagner, da Cruz, Boussi, da Luz

 

Reserve: Hristov, Göpel, Laouira, Schuster, Sauber

 

Share |