Seniors 1: Match géint Bartreng ass reportéiert ginn

Eis Spiller an eng Réih Supporter haaten de Wee op Bartreng e Sondeg fir néischt gemach. Den Terrain war an engem schlechten Zoustand an de Match konnt nët gespillt ginn. Ass et esou wéi ee vun eisen Unhänger sôt: "Schued, dat déi aarm Gemengen am Zentrum nët genuch Geld hunn fir hierem Fussballveräin en uerdentlechen Terrain zur Verfügung ze stellen"?

 

Sëcher gespillt gëtt awer dëse Sondeg, 26.03.2017 zu Berbourg am Lokalderby géint den FC Jonglënster. Virdrun lued de Veräin Iech an op séin Fréijârsfest am Beaurepaire, wou Dir mat eise Membren, Supporteren a ville Frënn vum Berbourger Fussball kënnt gemittlech zu Mëtteg iessen, an dann  um 16:00 Auer mat an de Stade Renert goën, fir eis Equipe kräfteg unzefeieren.

Share |