Seniors I : Berbourg weiderhin an der Erfollegsspur

 

FC Berdenia Berbourg – FC Yellow Boys Weiler 4:2 (1:0)

 

 

Och d’Yellow Boys vu Weiler konnten eis éischt Equipe leschte Sonndeg nët stoppen. Bei sonnegem Freijoerswierder konnten eis Jongen sech schlussendlech ouni gréisser Problemer mat 4:2 behaapten.

 

 

Den Match huet allerdings relativ zerfueren ugefaang. Vill Passen sin net ukomm an allgemeng huet Zesummenspill bei eisen Farwen net sou gudd gepasst wei mer daat bis elo an der Saison gewinnt waren.

 

Et huet bis zur 35 Minutt gedauert ier mer op eng Standartsituatioun hinn mat 1:0 a Féierung gaangen sinn.

 

Ronn 25 Meter virum Weiler Goal kéie mer ee Fräistouss zougesprach. De Claudio Da Luz hëllt sech der Saach un a säi Schoss gëtt, liicht ofgefälscht, onhaalbar fir den Keeper.

 

Mat diem Resultat sollt et och an t’Paus goen.

 

Nom Téi ass et dunn och mei flësseg bei eiser Equipe gelaaf. Mir hun t’Partie gudd verwalt an an der 57 Minutt fällt den 2:0. Den Achmed Boussi spillt sech iwer lënks schei fräi a seng präzis Flank kann nees de Claudio Da Luz mat engem plazéierten Käpper verwerten.

 

Weiler koum zu ee puer méi klenge Chancen, déi awer schlussendlech keng Gefoor sollten duerstellen.

 

An der 72 Minutt dunn den 3:0, wéi dien fréi am Match agewiesselten David Schuster seng enorm Schnellegkeet ënner Beweis gestallt huet, andiems en iwert déi riets Sait zitt, do mam Ball um Fouss méi schnell ass wéi säi Geigenspiller, fir dann am 16ter mat engem präzisen Schoss an de laangen Eck ze markéieren.

 

No dësem Goal ass Weiler dun awer och erwächt an hiren agewiesselten Stiermer sollt an der Schlussveirelstonn nach fir vill Gefor suergen an sou war et och net verwonnerlech, dass hien no engem Feeler an eiser Défense den 3:1 markéiert.

 

Dat eisen Trainer eng gudd Händchen an dëser Partie haat, beweist den 4:1, dien mir an der 85 Minutt duerch den ebenfalls agewiesselten Pit Wagner kënne schéissen.

 

Hien setzt op der lënkser Sait zum Dribbling un, léisst e puer Weiler Verteideger stoen an kann dun alleng virum Keeper ofschléissen.

 

Domat war den Match gelaaf, och wann dei Weiler an der Nospillzäit nach kënnen op 4:2 verkierzen.

 

Alles an allem bleiwt et awer bei enger verdingter Victoire fir eis Faarwen a mir kënnen eis 2. Tabelleplaatz festegen.

 

Nächsten Sonndeg steet dann ee ganz wichtegen Match um Rendez-Vous, wa mer op dem schwéier bespillbaren Terrain zu Bartreng géint den Tabellen-Drëtten probéieren wäerten eis Serie auszebauen.

 

Ugepaff gët wei üblech um 16:00, mir freeën eis iwwer Äer Ënnerstëtzung.

 

Equipe : Lima, Blau, Dos Santos ; Weidert, Pires, Kaufmann, Diop, Sabotic, Boussi, Laouira, da Luz

 

Reserve : Faber, Wagner, Schuster, Benner, LeConte

 

 

 

Share |