Seniors 1: Berbourg behaapt sëch am Spëtzematch géint Kayl-Téiteng

FC Berdenia Berbourg - Union Kayl-Tétange 2:1 (1:0)

 

Wéi och am Himatch, wann och manner déitlech, kann eis Equipe sech 3 Punkten géint den Ofsteiger aus der Eierepromotioun huelen, an dommader seng 2.Plaatz an der Tabelle festegen. Op schwéirem Terrain a béi schlechtem Wierder, mee viru ganz villen Zuschauer war ët e kampfbetounten Match, dien de Spiller op deene 2 Säiten Alles ofverlangt huet, an dee mir kuerz viru Schluss fir eis entscheede konnten.

 

 

 

Den Ticker vum Match:

 

5' Grousschance durch den da Luz, den Kayler Keeper hält den Ball exzellent

 

 

 

10' Gutt Chance fir Kayl, nô engem Corner käppt den Kayler Spiller den Ball nëmme knapp nierft den Goal

 

 

 

18'Weider gutt Chance fir Kayl, nô engem Corner kann eise Keepker de Ball eréischt am Nôgräifen festhaalen.

 

 

 

25' Nach eng gutt Chance fir Kayl, de Spiller setzt sech gutt op der lenker Säit duerch, a kann oofschléissen,  mee de Lima deviéiert de Ball an de Corner.

 

 

 

35' Den Diop mëcht de Goal fir eis Faarwen, kritt en awer wéinst Offensivfoul oferkannt

 

 

 

45' Goal fir Berbourg durch en Eleefmeter vum da Luz, nô engem Foul um agewiesselten Schuster

 

 

 

48' Chance fir Berbourg, den da Luz leeft alleng op den Gol, scheitert allerdéngs um Goalkeeper

 

 

 

56' Kayl schéisst op Conter den 1:1

 

 

 

65' Kayl kritt wéinst Abseits en Goal oferkannt

 

 

 

80' Den Da Luz käppt den Ball fantastech Richtung Goal, mee den Keeper hält en gutt

 

 

 

88' Goal fir Berbourg durch Fräistouss vum agewiesselten da Cruz

 

 

 

Fazit:  An engem ganz schweieren Match huelen eis Jongen 3 ganz wichteg Punkten. Et war deen erwaartden emkämpften Topmatch vum Spilldaag. Eis Équipe war zum Schluss méi ofgekläert wéi de Géigner, an ass an deene kritische Momenter vum Match méi roueg bliwwen.

 

Mat dem Erfolleg setzt den FCBB sech op der zweeter Tabellenplaatz of, an huet elo schon 8 Punkten Virsprong op den Drëtten.

 

 

 

Nächste Weekend gëllt et dee gudden Start an d’Réckronn doheem géint Weiler auszebauen. Dofir brauch d Équipe erem d’Ënnerstëtzung vun sengen Zuschauer. RV um 16:00 am Stade Renert.

 

 

 

Équipe : Lima, Blau, Dos Santos ; Weidert, Pires, Kaufmann, Diop, Sabotic, Wagner, Laouira, da Luz

 

Reserve : Hristov, Sauber, Schuster, da Cruz, Le Conte

 

 

 

Share |