Seniors 1: Spëtzematch fir den Optakt vun der Réckronn

Gläich mat engem "Kracher" geet ët fir eis 1. Equipe an d'Réckronn, an zwar mat dem Spëtzematch vum Tabellenzweeten géint den Tabellendrëtten. Mir erënneren eis nach un den 1. Auswäertsmatch vun eiser Equipe an der Hironn, wou mir mat engem klaren 4:1 géint den Oofsteiger aus der Eierepromotioun gewanne konnten, an eis Stäerkt ënner Beweis stelle konnten.

 

Nô der langer Wanterpause wäerten vill Supporteren mat Spannung op dëse Match waarden, a mir erwarden e flotten Heemmatch mat villen Zuschauer.

 

Fir den Optakt esou richteg ze genéissen, huet d'Buvetteséquipe e speziellen Cocktail préparéiert an zwar e rouden Hugo!

 

D'Spiller an de Comité freeën sech op dësen Event.

 

Fir eis 2.Equipe geet ët haut den Owend schons lass mat engem Heemmatch um 20:00 géint d'Entente Luna/Déifferdeng I. Och hinnen eng gutt Réckronn, an dat de Klassenerhalt gepackt gëtt.

 

Share |