Berbourg verstärkt sech an der Offensiv

Mam Rayane Laouira huet Berbourg en éischten Wantertransfert gemaach.


Den Stiermer aus Frankreich kënnt, fir eis schon ganz gutt Offensiv-Sektioun, nach weider ze verstärken.


Den 20 Joer aalen Rayane war bis virun 2 Joer nach beim FC Metz an der Fussballschoul, wou en eng exzellent Ausbildung genoss huet. Mat 18 Joer huet en dunn de Sprong an de Seniorfussball gemaach, en huet do beim FC Magny ënnerschriwen, an direkt an senger éischter Saison 14 Goaler geschoss. Domadder waar hien ee vun deene beschten Stiermer an der Division d' Honneur a Frankreich.

Den 1,92m groussen Spiller ass am Summer op Tremery gewiesselt wou en och vill Asätz haat, an eng Reih Goaler geschoss huet.

Mir heeschen den Rayane häerzlech Wëllkomm zu Berbourg a wënschen him dass hien hei nach ganz vill Goaler schéisst.

Am selwechten Ament huet den FC Berdenia Berbourg och en Départ ze annoncéieren. Den Tommy Toppmöller an den Veräin hunn am gemeinsamen Averständniss der Zesummenaarbescht en Enn gesaat.

 


Mir soën dem Tommy villmols Merci fir sein Engagement zu Berbourg an wenschen him vill Gléck bei sengem neie Veräin.

Share |