Seniors 1: Remis zum Ofschloss vun enger wonnerbarer Hironn

FC Mënsbech – Berdenia Berbourg 1:1 (1:1)

 

Um leschten Spilldag vun der Hironn sollt et net duergoen fir di voll Punktzuel mat heem ze huelen. No 90 Minutten trennen sech den FC. Mënsbech an den Berdenia 1:1.

 

Bei kaalem Wierder sollten di Berbourger Supporter eng iwwerleeën 1. Halschent vun hirer Equipe ze gesi kréien. Deementspriechend gutt sinn mir an de Match komm an nô 6 Minutten bréngt den Boussi eis Faarwen mat enger schéiner Aktioun no Viraarbecht vum Blau 0:1 an Féierung.

 

Di 1. Hallef Stonn hu mir den Match dominéiert, an esou koumen mir zou enger hallwer Dozend ganz gudde Chancen, dëst virun allem duerch den Da Luz, deen awer leider op dësem Dag en bëssen Pech um Fouss hat.

 

Zou allem Iwwerfloss kréie mir den eigentlech dach ganz regelconformen 0:2 an der 30 Min. deen den Da Luz no schéiner Viraarbechter iwwert d’Säit vum Contrino am Filet ënnerbréngt aus onerkläerlechen Grënn vum Arbitter oferkannt.

 

An wann een se viir net mécht, dann…. Ab der 35 Min. kennt d’Equipe vun Mënsbech besser an den Match an spillt sech ëmmer méi no an Richtung Berbourger Goal. Bei der 1. Ganz geféierlecher Situatioun konnt den Hristov nach exzellent halen, mä just virun der Paus sollt et dunn awer esouwäit sinn. Eis Ofwier hat wuel e klengen Aussetzer esou dass sie de Mënsbecher Spiller no engem Uspill an den 16-Meter einfach laafe loossen, an dësen den Ball iwwert de Hristov ewech an den Goal hiewen kann.

 

Nom Téi ass den Match staark ofgeflaacht, et waren net méi ganz vill gutt Aktiounen vun béiden Equipe ze gesinn. Bei eisen Jongen war ganz einfach d’Loft eraus, esou dass een sech huet missten no 90 Minutten mam 1-1 zefridden ginn.

 

Mir wëllen awer elo net ufänken mat lamentéieren, well eis Equipe huet eis mat 9 Victoiren, 3 Gläichspiller an enger eenzeger Défaite an der kompletter Hironn méi wie verwinnt, an mir hunn och elo scho méi Punkten um Konto wie d’lescht Saison,… no der Réckronn!

 

Dofir op dëser Platz hei e Groussen Merci fir di super Leeschtung iwwert 4 Méint, an dëst esouwuel fir d’Spiller, ewéi och fir d‘Traineren.

 

Och eise ville Supporteren wëlle mir op dëser Platz e Merci soen fir di gutt Ënnerstëtzung.

 

Equipe: Hristov - Sauber, Dos Santos, Kauffmann, Blau - Contrino, Sabotic, Diop, Da Cruz, Boussi (C) - Da Luz

Reserve: Lima, Weidert, Dahm, Petry, Ruppert

 

 

Share |