Seniors 1: Berbourg weiderhinn op der gudder Piste

 

Berdenia Berbourg – CS Sanem   3:1 (2:0)

 

 

 

Och um zweetleschte Spilldag vun der Hironn ka Berbourg nët bezwongen ginn, a baut de Virsprong op di 3. Tabellenplaatz op 7 Punkten aus!

 

Leschten Sonnden stoungen sech mat Berbourg als Tabellenzweeten an dem CS. Sanem, dem ganz staarken Opsteiger als Tabellendrëtten di zwou „Iwwerraschungsequipen“ aus der Hironn am Spëtzematch géintiwwer.

 

De Match sollt och halen wat d’Entête versprach huet.

 

Eis Jongen sinn nëmmen schwéier an den Match komm, an hu sech di 1. Véierelsstonn schwéier gedoen de Géigner an den Grëff ze kréien. Esou war et den C.S. Sanem deen eis uerdentlech ënner Drock gesat huet, an zu 3 héichkarätegen Chancen konnt kommen, di awer entweder vun engem gutt opgeluechten Sam Faber, resp. vun eiser Verteidegung konnt entschäerft ginn.

 

Dono koumen eis Jongen dann ëmmer besser an de Match: an der 27 Minutt kréien mir e Fräistouss zougeschwaat, deen den Da Cruz wonnerbar op den laange Potto bréngt a vum Da Luz an den Filet gekäppt gëtt.

 

Nom 1:0 hunn die Berbourger den Drock héich gehalen, an an der 33 Minutt schéckt erëm den Da Cruz de Boussi mat engem gutt getimten Uspill an d’Déift, dësen leet den Ball laanscht de Kipper an de Goal.

 

Sanem war liischt ënner Schock, a Berbourg huet sech bis zur Paus nach zwou – dräi goud Occasiounen erausgespillt, et sollt allerdéngs mam 2:0 an d’Paus goen.

 

Di 2 Halschent war nach keng Minutt al, wie den Da Cruz den da Luz fräispillt, an dësen dreschen zum 3-0 eransetzt.

 

Uschléissend hunn di Berbourger den Drock erausgeholl, an et huet een gesinn dass Sie den Score wollten verwalten, Sanem huet dëst dankbar ugeholl, an et huet een gesinn dass Sie den Match nach net wollten opginn. Sie hunn sech ëmmer erëm goud Chancen erausgespillt, an op eng schéin Kombinatioun hin sollt dann och nach den 3:1 falen.

 

Domatter stoung d’Resultat awer dunn och fest.

 

Et muss een soen dass den staarken Opsteiger vun Sanem zourecht do steet wou se stinn, eng spillstaark Equipe di net opgëtt. Dëst ass eng Qualitéit di awer sécherlech och di Berbourger dess Saison auszeechent.

 

Lo gëllt et dëse Weekend géint Mënsbech di beschten Hironn aus der Veräinsgeschicht mat 3 weideren Punkten oofzeschléissen. Rendez-vous ass e Sondeg, 04.12.2016 um 16:00 Auer zu Mënsbech.

 

Equipe: Faber, Blau, Nadilson, Kaufmann, Sauber, contrino, Sabotic, Diop, Boussi, da cruz, da Luz

 

Reserve : Hristov, Leconte,Toppmöller,Petry

 

Share |