Budenzauber Edition 2017

Wéi wier et, wann et bis zum Schluss spannend wier ? De Match kann zu all Moment nach gedréit ginn ! Wou gëtt et dat?

 

Zu Berbuerg op der 2. Editioun vum BUDENZAUBER! Mir presentéieren ee liicht aneren Halentournoi. De Prinzip ass deen hei : Gespillt gëtt 3 géint 3 iwwert een hallwen Halenterrain op 2 Bambinisgoaler. Ganz am Sënn vum Kings of Penalty ginn nom Match nach Penaltyen op déi normal Halegoaler geschoss! An zwar kritt all Equipe sou vill Penaltyen ze schéissen wéi se am Match Goaler kasséiert huet, maximal awer 5! Ee kléngt Beispill: D’Equipe A gewënnt 3-2 géint d’Equipe B. D’Equipe A kritt deemno 2 Penaltyen an d’Equipe B der 3, sou dass am Penaltyschéissen nach alles geschéie kann!
Dat ganzt fënnt statt de 14.Januar 2017 zu Berbuerg an der Sportshal. Lass geet et um 17:00.

 

Dee ganzen Owend ass fir Budenzauber a Furri gesuergt. Et gëtt eppes géint den Duuscht, ee gudden Chili an och nach aaner Snacks.
Ze gewannen gëtt et natierlech och eppes: De Gewënner kritt 200€, deen 2. 125€, deen 3. 75€ an dee 4. kritt ee Meter Béier. Dobäi kënnt nach eng Gratis-Inscriptioun fir déi 4 Éischt fir de Kings of Penalty, deen den 10. Juni 2017 stattfënnt. D’Präisiwwerreechung mat Ofschlossparty ass dann ab ongeféier 22:30!


Umelle kënnt der iech iwwer berdenia.berbourg@gmail.com Maacht iech bäi, den Tournoi ass op 20 Equipe begrenzt!


Eng Equipe muss aus mindestens 5 Spiller bestoen, all Spiller därf just bei enger Equipe matspillen. De Mindestalter ass 16 Joër.


D’Startgebühr bedréit 30€, an deem Präis ass och schonn ee 6er Tray Béier fir d’Equipe mat dran.

Share |