Seniors 2: Keng Punkten béim Leader

Berdenia Berbourg - RM Hamm Benfica 0:5 (0:4)

Wieder: Kaal Reen 5°
Terrain: Synthetesch

Zuschauer: +- 20

Arbitter: Macedo Pereira Jorge Alexandre
Goaler:/
Giel Kaart:/
Roud Kaart:


Nô enger gudder Reaktioun d'lescht Woch géint den Swift Hesper, loossen mir weiderhin doheem éisen Punktestand op null.Wéi verhext schéngt éisen Heemviirdeel ze sin... !

 

Et war éis schons kloer daat et géint den Leader an Favorit zum Opstiig keng einfach Aufgab wier. Obwuel mir ganz gudd an de Match komm sin ann och direkt mat 3 Aktiounen, fir Gefoor virum géignereschen Goal gesuergt hun, hu mir am entscheedenen Moment, déi néideg Réussite an Efficacitéit nët zu Daag geluecht.

 

Am Géigenzoch hu mir direkt op déi éischt geféierlech Aktioun vum Géigner den 0:1 kasséiert. 

An da waren déi lescht 20 Minuten vun der éischter Hallschent, eng Mëschung aus kollektivem an individuellem Versoën.

 

3 Goaler kasséieren mir an deem Zäitraum, an daat mat enger nervenobreiwender Passivitéit. 

An der zweeter Halschent hu mir just nach ee Géigegoal kasséiert an domadder mat  0:5 géint de Leader RM Hamm Benfica verluer.

Lo heescht et dee Match oofzehaaken an d'nächst Woch am Kellerduell géint Remich-Bous erëm als Gewënner vum Terrain ze goen. Et ass eise leschten Match an dëser Hinronn, an et gëllt fir mat engem positiven Resultat an d'verdëngte Wanterpaus ze goen.

 

Fazit: D'Réckronn muss sech villes änneren an den Triner ass iwwerzeegt, dat wa mir all rëm u Bord sinn, dat mir den Klassenerhalt packen. 

 


Mir si Berbuerg!!!


Équipe: Bob Schrantz; Serge Hoscheid; Jo Pitzen; Ben Ruppert; Yves Dahm;Dany LeConte; Alex Thill; Jacques Scholtes; Chris Sauber; Tommy Toppmöller; Frank Christophe
Reserve:Yannick Freitas (45’ agewiesselt fir den Frank Christophe); Jérôme Oswald (45’ agewiesselt fir den Danny Leconte); Max Schrantz  (60’ agewiesselt fir den Tommy Toppmöller)

 

Share |