Seniors 1: Und ewig grüsst das Murmeltier, keng Victoire zu Itzig

Blô Wäiss Itzig – Berdenia Berbourg 1:1 (1:0)

 

 

 

Itzeg ass vun Ufank u kloër déi bescht Equipe a geet och verdéngt an der 4 min. a Féierung.

 

 

 

Et häett nô 20 min. och schon 2:0 oder 3:0 kënne stoen. Duernô kommen eis Jongen awer besser an de Match a spillen sech durch Boussi an Da Luz zwou gutt Chancen eraus.An der 38 min. käeppt den Da Luz nô engem Corner nëmme knapp iwert den Goal

 

 

 

Halbzaitresultat 1 - 0

 

 

 

47' Fraistouss vum Toppmoeller un d' Laat.

 

 

 

Berbourg ass no der Halbzait gudd an den Match komm, an der  55 min gëtt en Toppmoeller vum Da Cruz gutt an Szene gesaat, ka gutt ofschléissen, mee den Keeper haelt gutt. An der 59 min Goal fir Berbourg, nô engemFräistouss vum Da Cruz käeppt den Diop de Ball eran.

 

 

 

Béi engem gudde Fräistouss vum Toppmoeller, geet de Ball nëmme knapp iwert de Goal. Berbourg dréckt weider, Itzig kritt de Ball nët méi ze gesinn. An der 76 min eng gutt Chance fir Itzig, mat engem Wäitschoss probéiert de Stiermer de Faber ze iwerraschen, mee deen paréiert de Ball gutt.

 

 

 

An der 91 min käeppt den da Luz de Ball super richtung Goal, mee de Verteideger kratzt de Ball vun der Linn.

 

 

 

Fazit: An enger ganz schwacher Parti spillen eis Jongen verdéngt 1:1. E logescht Resultat wann een dei 90 Minuten kuckt, an deenen Berbourg nie weisen konnt wiesou mer op der zweeter Tabellenplaatz sinn a 35 Goler geschoss hun. Un der Tabellensituatioun huet sech nët vill geäennert. Nächste Weekend geet !et am Spëtzenduell géint Suessem ëm ganz vill fir eis Equipe. Mir hoffen dir kommt all fir eis ze ënnerstetzen.

 

 

 

Equipe : Faber, Kaufmann, Pires, Dos Santos, Weidert, Diop, Sabotic, Da Cruz, Contrino, Boussi, Da Luz

 

Reserve: Hristov, Sauber, Dahm, Le Conte, Toppmosdeller

 

 

 

Share |