Berbourg wënnt géint e ganz gudden Géigner aus dem Paffendall

Berdenia Berbourg - FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch 3:1 (1:1)

 

 

 

An engem schwéieren Match konnt eis Equipe sech zum Schluss géint de Paffendall mat 3:1 durchsetzen.

 

 

 

Vun Ufank un huet Berbourg probéiert de Match an d’Hand ze huelen. Mir haaten och direkt eng éischt gutt Chance an der 5 Minute durch de Contrino, dien de Ball laancht de Goal käppt nô enger gudder Viraarbecht vum Boussi op der rietser Säit.

 

 

 

An der 10 Minutt war et dunn de Boussi dien de Ball nëmme knapp laancht de Goal setzt.

 

 

 

Ab deem Moment ass de Red Black besser an d’Spill komm, huet am Mëttelfeld de Raum besser besaat an haat och méi de Ball. Nodeems sie dann 2 gutt Chancen haaten, konnten see an der 15 Minutt durch en Fräistouss op 20m mat 0:1 an Féierung goen.

 

 

 

Eis Equipe huet 10 Minuten gebraucht bis se sech erëm akritt huet, während dëser Zäit huet eisen Keeper 2 mol entscheedent missen agreifen.

 

 

 

An der 27 Minute gouf de Pires durch den Da Luz gutt op lenks gescheeckt, dien setzt sech géint säi Géigespiller duerch a flankt op den zweeten Poto wou de Boussi den Ball propper an den Goal käppt.

 

 

 

Bis zur Halbzäit ass nach vill am Mëttelfeld gespillt ginn, awer ouni grouss Goalchancen op deenen zwou Säiten.

 

 

 

Halbzäitstand : 1:1

 

 

 

An der zweeter Halbzäit huet ee vun Ufank ugesin dat eis Equipe denMatch wollt wannen. De Block stoung méi héich, huet méi fréi gestéiert an esou baal mer am Ballbesetz waren hu mer Richtung Goal gezunn.

 

 

 

Esou war et dann och net verwonnerlech dass Berbourg direkt an der 50 Minutt den 2:1 schéisst.

 

De Boussi leet eng super Aktioun an, gëtt de Ball op den Toppmöller eriwer dien vun lenks eng perfekt Flank op den Da Luz brengt. Den Da Luz käppt den Ball perfekt Richtung Goal, de gudden Paffendaller Keeper hällt den Ball, mee de Boussi kann am Nôschoss de Ball an de Goal drecken.

 

 

 

Ab deem Moment stoung d’Berbourger Victoire eigentlech nie a Fro. Berbourg huet weider no fir gespillt an de Red Black huet sech ëmmer méi zréck gezunn a probéiert op Conter ze markéieren. Hei huet ee gesinn dat déi méi grouss Erfahrung an déi besser Konditioun op eiser Säit war.

 

 

 

Berbourg konnt sech nach eng Reih ganz gutt Chancen eraus spillen. De Red Black huet an der 78 an an der 82 Minutt zwou super Konterchancen net eragesaat, déi de Faber all Keiers an den Corner déviéieren konnt.

 

 

 

Och op Konter hinn konnt den Da Luz den 3:1 marköieren op gudder Viraarbecht vum Boussi.

 

 

 

Fazit : Berbourg konnt durch seng grouss Erfahrung de Match fir sech entscheeden a bleiwt domadder op 1 Punkt vun der éischter Plaatz an esou am Opstiegskampf.

 

 

 

Equipe : Faber ; Kaufmann ; Dos Santos ; Weidert ; Pires ; Sabotic ; Diop ; Da Cruz ; Contrino ; Da Luz ; Boussi

 

 

 

Reserve : Hristov ; Dahm ; Le Conte ; Toppmöller ; Petry

 

Share |