Seniors 2: Victoire um Holleschbierg

Swift Hesperange - Berdenia Berbourg 1:4 (1:1)

Wierder: Kaal Reen 7°

Terrain: Gras

Zuschauer: +- 25

Arbitter: Schmitz Jean

Evolutioun vum Score:

1:0  1:1   HZ  1:2 1:3 1:4


Goaler:

Dany LeConte 

Yannick Freitas

Christophe Frank 2x


Giel Kaart: //////////////////


Roud Kaart: //////////////////



No eisem Aussetzer, d'lescht Woch géint d'UMW, war et rëm un der Zäit wackreg ze ginn an am Kellerduell en Zeechen ze setzen, waat den Jongen och am Groussen a Ganzen gelongen ass. Op engem schwéieren Terrain hun mir vun Unfank un déi beschten Chancen gehaat. Daat den Ball nët éischter de Wee an de géignerechen Goal fonnt huet, loung gréisstendeels um gudden Hesper Goalkeeper. 

 

Géint de Laaf vum Match, kënnt Hesper zur 1:0 Féierung no engem Corner wou no engem Gewullsl am 5m-Raum, hiiren Spiller de Ball entscheedend an den Goal dréckt . No enger Grätsch vun hannen géint den Yves Dahm, wou wäit an breed kee Ball ze gesi war, kritt hiiren Aussenspiller eng roud Kaart.  

Kuerz virun der Halbzeit schéisst den Dany Leconte no Viirarbescht vum David Schuster  den 1:1 .

 

Nom Téi hu mir zwar nët méi sou dominéiert , obwuel mir lo een Mann méi haaten. Mee hannen hu mir dichtgehaal an hunn offensiv op Konteren a mat schnellen Transitiounen de Géigner ëmmer rëm iwwerrumpelt, an hunn déi besser Chancen gehaat.

 

Den agewiesselten Yannick Freitas gouf um 18m ugespillt, verlued den Verteidiger mat engem Crochet an hummert de Ball onhaalbar an d'Netz. Domadder war den Knued geplatzt an et war dunn Showtime fir éisen Panzer an der Spëtzt. De Christophe Frank huet an deene läschten Matcher sou vill gerackert fir d'Équipe daat hien sech lo endlech mat deenen 2 Goaler belount huet.

 

Staark Optrëtter vun éisen “néien” "Recruen Jacques Scholtes, Pit Wagner an David Schuster.

 

Stolz op aer Leeschtung, Männer!

 

Nächsten Freideg gleewt den Trainer un eng Iwwerraschung géint den Leader RM Hamm.

 

Mir si Berbuerg!!!

 


Équipe: Georgi Hristov; Jacques Scholtes; Serge Guth (C) ; Jo Pitzen ; Ben Ruppert ; Dany LeConte ; Wenzel Schommer; Pit Wagner; Yves Dahm ; Christophe Frank ; David Schuster 

Reserve : Yannick Freitas (65' agewiesselt fir den Pit Wagner) ; Laurent Laugs (72’ agewiesselt fir den Jacques Scholtes)

Share |