Seniors 1: Staarken Optrëtt zu Wuermer op der Koeppchen

Viru ville Berbuerger Supporter haat eis Equipe e ganz staarken Optrëtt , an huet de Match während 90 Minutten dominéiert. Et wat en Dag wou Alles gestëmmt huet, a déi Berbuerger méi wéi zefridden d’Heemrees  mat 3 Punkten am Gepäck konnt untrieden.

 

Déi éischt Chance vum Match haaten d’Haushären vu Wuermer, wou eis Ofwier a leschter Sekonn konnt zum Korner klaeren! Déi Wuermer waren och besser an de Match komm, mee bestrofen sech an der 7.Minutt selwer! De Goalkipp degagéiert de Ball ouni Bedräengis dem Ahmed Boussi an de Fouss, deen dann am 1 géint 1 lenks laanscht de Keeper zéit an déi Berbuerger domat 1:0 a Féierung bréngt!

 

Nô enger schéiner Kombinatioun an der 15.Minutt, kënnt de Ball raus op déi riets Säit, wou den opgereckelten Rietsverteideger Blau eng proper Flank eraschléit, an do den Da Luz fënnt, deen aus 5m rakaeppt. Domat stung et schon no enger Veirelstonn 2:0 fir eis Berbuerger Equipe!

 

Den Da Luz probéiert et an der 26. Minutt mat engem Wäitschoss deen awer knapp driwer geet! Duernô scheitert de Boussi um Keeper, hëllt awer direkt drop um 16m Eck e Fräistous raus! Mat engem wonnerschéine Fräistouss erhéicht den da Cruz op 3:0, a mat deem Resultat geet et dann och an d’Paus

 

Nô der Halbzäit probéieren déi Wuermer erëm an de Match ze kommen an haaten och 2 kleng Chancen. Mee eis Jongen machen dann  de Saak entgülteg zou, wéi de Petry iwer riets geet an de Ball flach op den Da Luz raspillt! Dëse léisst dem Keeper keng Chance an erhéicht op 4:0

 

Wei dann an der 77 Minutt de Keeper vu Wuermer ausserhalb vum 16m dribbelt an de Ball verléiert, trëfft de Petry mat engem Schoss aus 35m zum héichverdengten Endresultat vun 5:0.

 

Gutt Chancen vun den 2 Awiesselspiller Sauber an Toppmoeller sinn dann un der Laat an um  Keeper gescheitert.

 

Domat hun eis Jongen no enger ganz gudder Leeschtung och an der Héicht verdéngt gewonn, a freeën sech op e Samsden 12.11.2016 um 18:00 op de Match doheem géint den Opsteiger aus dem Paafendall

 

Equipe: Lima, Blau, Weidert, Dos Santos, Da Cruz, Kaufmann, Diop, Petry, Boussi, Contrino, Da Luz

Reserve: Faber, Leconte, Sauber, Toppmoeller, Pires

 

Share |