3 Punkten géint eng staark Schëfflenger Equipe

Berdenia Berbourg - FC Schifflange 95 3:2 (2:1)

 

Während déi 1. Halbzäit éischter langweileg an ouni vill Héichpunkter war, hunn déi vill Berbuerger Supporter nôm Téi e spannenden an intensive Match gesinn, dien bis zum Schluss spannend war, an et awer nach zu engem richteg flotte Fussballsondeg komm ass.

 

5' éischt gefeierlech Aktioun fir Scheffleng, de Luis am Goal verschätzt sech an den Stiermer kënnt un de Ball, schéisst dësen awer laanscht de Goal.

 

6' 1:0 fir Berbourg

En diagonalen Fräistouss vum Da Cruz an de Réck vun der Verteidegung, de Michael Blau hëllt de Ball mat an schéisst en eran

 

13' Grouss chance fir Scheffleng: de Ball gëtt vu lenks flaach durch den Strofraum geflankt wou den Stiermer um 2 Poteau den Ball nëmme knapp verpasst

 

18' 1:1 nô engem Fräistouss schéisst de Schefflenger am Nôschoss de Ball an de Goal

 

Halbzäit 1:1

 

48' 1:2 Nô engem laange Fräistouss an de Réck vun eiser Verteidegung huet de Stiermer kee Problem fir de Ball eran ze schéissen.

 

50' No enger gudder Flank vum Boussi schéisst den Da Cruz vun 11m op den Goal, de Schefflenger Keeper kann awer gutt paréieren

 

55' 2:2 Op Corner hin käppt den Dos Santos de Ball an den Goal

 

63' 3:2 Nô Flank op riets vum Boussi, käppt de Contrino de Ball an de Goal

 

70' gudden Wäitschoss vum Boussi iwert de Goal

 

89' Nô Fräistouss leet de Sabotic eriwwer op de Piresm dëse schéisst op de Goal, den Keeper hällt e gutt

 

Endstand 3:2 fir Berbourg

 

Fazit: An engem bis zum Schluss spannenden Match ka Berbourg sech mat 3:2 géint Scheffleng durchsetzen. No enger vu beide Seiten schlechter éischter Halbzait ass an der zweeter Halbzait vill besseren Fussball gespillt gin. Berbourg huet tescht der 20er an 80er Minute den Match dominéiert an domadder verdengt gewonnen.

 

Am Championat leien mir elo op enger ganz gudder zweeter Plaatz, mee och an der Coupe FLF gengen mir gäeren 1 Tour weider kommen. Dô geet et nächste Samstdeg um 18:00 Auer doheem géint Lasauvage. Och dô wier et schein wann eis Zuschauer eis weiderhin esou géingen ënnerstëtzen. Dofir schon mol e groussen Merci.

 

 

Équipe : Lima, Weidert, Blau, Dos Santos, Kaufmann, Sabotic, Diop, Da Luz, Boussi, Da Cruz, Contrino

Reserve: Faber, Leconte, Sauber, Petry, Pires

Share |