Eischt 3 Punkten fir Berbourg 2

Wann et am Spill géint US Hostert och nach nët geklappt huet, esou huet eng kampfstaark Berbuerger Equipe mat vill Assatz auswäerts zu Schëffleng, déi éischt 3 Punkten mat heembruecht.

 

Berdenia Berbourg - US Hostert 1:2


Wierder: Fiischtkaal, Schaueren 10°c

Terrain: Gras

Zuschauer: +- 30
Arbitter: Quiterio Diogo

 

Evolutioun vum Score:
1:0 HZ
1:2

 

Goaler: Jo Pitzen

Giel Kaart: Guth Serge
Roud Kaart: /

 

Fazit:

 

An engem Match wou mir gutt gekämpft hunn an awer verluer hun, ass den Trouscht dem Jo Pitzen säi Goal fir den 1:2.

„MIR SIN BERBUERG!!!“

Équipe:


Bob Schrantz; Charel Weidert; Ben Ruppert; Pol Petry; Chris Sauber; Serge Guth (c); Wenzel  Schommer; Yves Dahm; Claude Hoffmann; Kiki Frank; Yannick Freitas

Reserve:
Laurent Laugs (agewiesselt an der 60’ fir den Yannick Freitas)
Jo Pitzen (agewiesselt an der 65’ fir den Claude Hoffmann)
Serge Hoscheid (agewiesselt an der 80’ fir den Kiki Frank)

 

 


FC Schifflange 95 - Berdenia Berbourg 1:3


Wierder: Fiischtkaal, 7°

Terrain: Syntheteschen

Zuschauer: +- 50

Arbitter: Majerus Paul


Evolutioun vum Score:


1:2 HZ

1:3 ER


Goaler:

Jérôme Oswald (10')

Yves Dahm (15')

Chris Sauber (85')

Giel Kaart: Guth Serge; Jo Pitzen


Roud Kaart: /

Fazit:


Éis éischt dräi Punkten fir dës Saison an daat auswärts géint eng spillstaark Schëfflenger Équipe, déi et net fäerdeg bruecht huet éis Jongen a Bedrängnis ze brengen.

 

Souverän huet éis Véirerketten mam Wenzel als Sechser dë Schefflenger d'Stiir gebueden. Ee staarke Jo Pitzen huet 90' lënks hannen dichtgehaal an nô der Paus, huet ee verwandelten Serge Hoscheid dann och säi Wee fonnt. An der Innenverteidigung hunn de Capitano Serge Guth an de Ben Ruppert d'Truppen souverän geleet. Zweekampfstaark hu sie d'Véirerketten och extrem héich gehaal fir de Schëfflenger hiert Kombinatounsspill ze ënnerbannen.

 

Offensiv hu mir mat éiser Taktik, deenen an der Innenverteidigung schwachen Schëfflenger vill Schwieregkeeten bereet. Schlaag op Schlaag hun sech den Yves, Jérôme an d'Kopfballungeheuer Kiki, Méiglechkeeten an der éischter Halbzeit rausgespillt.

 

Kampfstaark hunn de Pol Petry an de Chris Sauber am Mëttelfeld d'Geschécker gesteiert an éis offensiv Léit mat gudden Ball gefiddert.

 

Eng Leeschtung wou mir onbedengt drop opbauen sollen.

 

Eng top Leeschtung, Männer!

 

"MIR SIN BERBUERG!!!"

Equipe:

Sam Faber; Serge Hoscheid; Serge Guth (c); Ben Ruppert; Jo Pitzen; Chris Sauber; Pol Petry; Wenzel Schommer; Yves Dahm; Jérôme Oswald; Kiki Frank

Reserve:
Max Schrantz (angewiesselt an der 82’ fir den Jérôme Oswald)
Laurent Laugs (angewiesselt an der 88’ fir den Kiki Frank)

 

 

Share |