Zum Schluss war ët nach bâl spannend ginn: Berbourg klappt Bieles

The Belval Belvaux - FC Berdenia Berbourg 2:3 (0:2)

 

Béi schéinstem Hierschtwierder konnt eis Equipe 3 Punkten mat heem huelen. Trotz 3 Goaler Virsprong, konnten déi Bieleser zum Schluss nach erukommen, an d'Partie gouf zum Schluss nach spannend.

 

3'  1:0 fir Berbourg, den Ari Boussi verwandelt äiskaal en Handeelëfmeter

 

 

 

5' An dëser Phase spillt Berbourg net gutt, Bieles huet mei vum Match, awer keng kloer Goalchancen.

 

 

 

30' Grousschance fir Berbourg: Nô Gewulls am Strofraum steht den Da Luz alleng um 11m Punkt, schöisst awer iwert den Goal

 

 

 

35' Gutt Chance no Wäitschoss vum Contrino Berbourg kënnt elo e bësse besser an de Match

 

 

 

39' 2:0 Nô engen Corner käppt eisen Charel "Haexler" Weidert de Ball onhaatbar an den Goal

 

 

 

Et steet 2:0 an der Halbzäit

 

 

 

46' Eng Chance fir Bieles, no engem Corner käppt den Stiermer de Ball nëmme knapps laanscht de Goal

 

 

 

60' Gudden Wäitschoss vum Da Cruz no Virlag vum Contrino, de Ball geet knapps iwwer de Goal

 

 

 

70' Et ass kee gudden Match vun beiden Säiten, Berbourg deet sech schwéier op deem klengen Terrain

 

 

 

76' Laatenschoss vum Bieleser Stiermer, dien ongehënnet aus 35m schéisse kann

 

 

 

85' 3:0 No gudder Viraarbecht vum Chris Sauber an dem Ari Boussi, schéisst de Claudio Da Luz alleng virum Keeper eran

 

 

 

87' 3:1 No enger Flank vu lenks käppt de Bieleser Stiermer den Ball propper an den Goal

 

 

 

93' 3:2 No Corner passen eis Jongen net op an fänken sech mach en Géigegoal

 

 

 

Endresultat 3:2

 

 

Fazit:  Och wann een e schlechte Daag huet, kann ee gewannen, an daat huet eis Equipe haut hinkritt. An enger schwaacher Partie kréie mir awer déi 3 Punkten an kenen esou eisen Virsprong op fei 3 Plaatz esouguer ausbauen.

 

 

 

Déi nächst Woch geet et doheem géint e ganz staarken Géigner vu Schëffleng. Och dô zielt eis Équipe op d'Hëllef vu ville Supporter vu Berbourg.

 

 

Équipe: Lima, Weidert, Dos Santos, Kaufmann, Blau, Sabotic, Diop, Contrino, Da Cruz, Boussi, Da Luz

 

Reserve: Faber, Dahm, Sauber. Le Conte

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0
Share |