Raoul Schummer neie Präsident vum FC Berdenia Berbourg

Nôdiems de Claude Wampach als Präsident démissionéiert hatt, huet de Comité a senger leschter Sitzung de Raoul Schummer eestëmmeg zum neie Präsident bestëmmt.

 

De Raoul Schummer ass 37 Jâr a schafft béi der Cargolux. De Raoul war aktive Spiller vun 1984- 2000 béim Daring Echternach, a vun 2006 - 2009 zu Berbourg. Vun 2009 un ass hien Member vum Comité a vun der Jugendkommissioun, hei war hien och Präsident déi lescht Jâren.

 

Den Daniel Wampach ass 1.Vizepräsident vum Veräin, de Gil Cajao fungéiert als 2. Vizepräsident.

 

Nei am Comité sinn d'Corinne Gansen, d'Jessica Silva an den Tom Hubert.

 

Dem neie Präsident Raoul Schummer wënschen mir vill Gléck an eng gutt Hand a sengen neie Fonktiounen, mat senger frëndlecher Aart a Weis a sengem diplomateschen Geschéck, wäert hien eise Veräin uféieren, an ëmmer en oppen Ouer vir d'Spiller an d'Memberen hunn.

 

Dem Claude Wampach, dien weiderhinn Member vum Comité an der Jugendkommissioun bléiwt, awer och e grousse Merci op dëser Plaatz.

 

Während senger Zäit als Präsident konnt eis 1. Equipe, trotz schwiereger sportlecher Situatioun an der 1. Divisioun bleiwen, de gréisste sportleche  Succès an der Geschicht vum Veräin. Dô derniewt steet den FC Berdenia Berbourg awer och finanziell an administratif op stabile Been, a ka berouegt an d'Zukunft kucken.

 

Merci Claude, bonne chance Raoul!

Share |