Berbuerg gëtt d’Tabellespëtzt oof un d’Millebaach

 

FC Berdenia Berbourg – Blue Boys Mühlenbach  1:2 (1:1)

 

 

 

Am laang erwaarden Spëtzenduel am zweeten Bezierk vun der éischter Divisioun kann sech d’ Millebaach verdéngt mat 1 - 2 zu Berbourg duerchsetzen an ass domadder elo alleng un der Spëtzt vun der Tabell.

 

 

 

Vun Ufank un huet een gesinn dass d’ Millebaach besser am Match war ewéi eis ersatzgeschwächten Berbuerger Equipe. Se hu relativ héich gepresst an Berbourg hat doduerch Problemer hiren Fussball ze spillen. Esou huet den Faber an deenen éischten 10 Minutten direkt 2 mol missen entscheedend angreifen fir säin Goal ze verteidegen.

 

 

 

An der 11 Minutt war et dann u Berbourg eng éisht grouss Chance ze hunn, wéi de Boussi ganz gutt vum LeConte an d’Déift gescheckt gëtt, sech géingt säi Géigner duerchsetzt, an am Strofraum den Ball knapp laanscht den Goal schéisst.

 

 

 

Quasi am Géigenzuch kënnt e laangen Ball vum Innenverteideger aus der Millebaach iwwert eis Verteidegung an de Strofraum, wou no groussem Chaos den Stiermer et am Noschoss ereicht hikritt den Ball an den Goal ze schéissen. Domadder stoung et dann 0:1 fir de Gaascht.

 

 

 

Nom Geigengoal koum Berbourg allerdéngs ëmmer besser an de Match an hatt bis d’ Paus och d’ Iwwerhand. Virun allem den Boussi an den Da Luz hunn sech emer erëm Chancen erausgespillt, hunn et awer net hikritt den Goal ze treffen.

 

 

 

An der 31 Minutt setzt sech den Contrino op lenks gutt géingt säin Géigenspiller duerch an flankt den Ball an d’ Mëtt wou e Verteideger en kloert Handspill mécht. Den Arbitter weist doropshin ouni ze Zecken op den Punkt. Aus enger Distanz vun 11M schéisst den Boussi dann den Ball sécher an den Goal.

 

 

 

Esou dass et an der Halbzeit 1:1 stoung.

 

 

 

No der Paus huet d’ Millebaach dunn den Drock op eis Faarwen nach eng Kéier erhéicht, waren vill méi aggressiv um Ball an hunn eis virun ganz grouss Problemer gestallt.

 

 

 

Obwuel den Drock ganz héich war an d’Millebaach ganz vill Ballbesëtz hat konnten se sech net all ze vill Chancen eraus spillen, geféierlech waren se just duch eng grouss Unzuel un Waitschess.

 

 

 

Berbourg huet sech zeréckgezunn an op Konterchancen gehofft, déi kruten se dann och an der 80 Minutt. Wei den Da Luz vum Toppméller gutt an scene gesat gëtt an alleng virum Goalkeeper steet kann hien allerdéngs den Ball net eraschéissen.

 

 

 

Wei jiddereen sech schonn mam Gläichspill offonnt hat mëscht en Spiller vun der Millebaach en ganz staarken Sololaaf bis an eisen Strofraum an leet den Ball propper eriwwer wou säin Coéquipié den Ball just nach an den Goal muss drécken.

 

 

 

Berbourg verléiert den Match an leschter Minutt mat 1:2

 

 

 

Fazit: An engem Match géingt e Géigner dee besser war, hunn eis Jongen gutt gekämpft an dem staarken Géigner d’ Liewen ganz schwéier gemaach. Se verléieren an leschter Minutt de Match an d’Tabellenveierung, hunn awer gekämpft bis zum Schluss an hinnen ass keen Virworf ze maachen.

 

 

 

Nach si mir op enger gudder zweeter Tabellenplaatz an wëllen elo déi Platz mat allen Mëttelen verteidegen. Dofir brauchen d’ Spiller awer weiderhin d’ Hëllef vun den Fans an dat schonn nächste Sonndeg zu Bieles, wou mir erem wellen op d’ Gewënnerstrooss ofbéien.

 

 

 

Equipe: Faber; Dos Santos; Kaufmann; Sauber; Blau; Sbotic; Diop; Contrino; Le Conte; Boussi; Da Luz

 

Reserve: Hristov; Toppmöller; Ruppert; Dahm; Da Cruz

 

Share |