Remis am Derby zu Jonglënster

An engem haart ëmkämpften Match viru ville Berbuerger Supporter konnt eis Equipe ee Punkt mat heem huelen a bléift weiderhinn und der Tabellespëtzt.

 

Hei de Liveticker vun dëser spannender Partie:

 

3' 1:0 Nôdeems ee vun eisen Verteideger laanscht den Ball rennt, bestroft de Lënster Stiermer daat äiskaal.

 

10' Nô engem Fraistouss setzt Jonglenster am Nôschoss de Ball un d’Laat:

 

12'  1:1 Mat engem fantasteschen Wäitschoss schéisst den Da Cruz den Ausgläich fir eis Faarwen

 

25' Gutt Chance durch den Boussi, hien gëtt vum Da Cruz herrlech an d’Déift gespillt, mee alleng virum Keeper setzt en de Ball knapp laanscht de Goal

 

29' Dës Kéier steet dem Boussi d’Laat vum Goal am Wee, wéi en alleng Richtung Goal zitt. E gouff vun engem wonnerbaaren Pass vum LeConte an Szeen gesaat

 

32' Alt erëm leeft de Boussi alleng op den Goal, dës Kéier paréiert de Keeper de Ball awer gutt.

 

43' Chance fir Jonglënster. Nô engem Fräistouss op den 2 Poteau käppt de Lënster Spiller laanscht de Goal

 

Halbzäitresultat 1:1

 

50' Grouss Chance fir de LeConte, op gutt Virarbecht vum Boussi, mee hien scheitert leider um Keeper

 

55’  Gudden Wäitschoss vum Pires, den Ball geet net wäit laanscht den Goal

 

62'  Nach eng Kéier ass et de Boussi deen d’Eisen vum géignerechen Goal trëfft mat engem Schoss vum 16m no gudder Viraarbecht vum Da Luz

 

65' No enger Flank vu Jonglënster rennt hieren Stiermer laanscht de Ball, eng geféierlech Aktioun

 

85’ Grouss Chance fir Lënster no engem Corner kraatzt eise Verteideger den Ball vun der Linn

 

Endresultat 1:1

 

Fazit:  Berbourg haat dei méi kloer Goalchancen, an häet déi 3 Punkten éischter verdéngt wéi Jonglënster. Mir bleiwwen weiderhinn ongeschloen un der Tabellenspëtzt, a wëllen dës Plaatz déi nächst Woch géint d’Millebaach verteidegen.

 

E groussen Merci un déi ganz vill Berbuerger Zuschauer, dei d’Equipe mat haarder Stëmm de ganzen Match iwwer ënnerstëtzt hunn. Hoffentlech sidd Dir nächste Sonndeg och all motivéiert fir dann erëm eis Équipe vu baussen unzefeiern. Dofir scho mol e groussen MERCI !

 

Équipe : Lima, Dos Santos, Diop, Kaufmann, Sauber, Sabotic, Le Conte, Contrino, Da Cruz, Da Luz, Boussi

Reserve: Faber, Toppmöller, Pires, Dahm, Schuster

 

 

 

 

 

Share |