Veteranen verléieren knapp zu Wincheringen

 

Nôm 3:3 Gläichspill zu Laser (Langsur, D) an dem intensiven 4:3 Erfolleg doheem géint Itzeg, sin déi Berbuerg Veteranen um Méindeg Owend zu 9 Mann zu Wincheringen (D) um Sportplatz ugetrueden.

 

Mat zwee Mann Ennerzuel huet et dann och no den éischte Minutten no enger Packung ausgesin wéi Wincheringen séier mat 2:0 konnt a Féierung goen. Duerno hu sech déi Berbuerger awer rëm fonnt an hunn de Match besser an de Grëff kritt. An der Mëtt vun der éischter Halschent gëtt de Frank vum Huss an d’Déift geschéckt, deen setzt sech op lénks duerch a leet de Ball riwwer op den Hoffmann deen op 2:1 verkierze kann.

 

Kuerz drop as et nach eng Keier de Frank, deen wärtvoll Viirarbescht leescht fir dem Mergen säin Ausgläich aus ronn 16 Meter. No der erneiter Féirung fir d’Haushären konnt Berbuerg awer direkt zréckschloen. Op Virarbescht vun Huss an Hoffmann, markéiert den Hurt aus kuerzer Distanz rëm den Ausgläich.

 

 

No der Paus huet d’Kraaft an d’Ausdauer net nëmmen bäi den deziméierte Berbuerger nogelooss, sou dass nach just de 4:3 op eng gutt Eenzelaktioun fir Wincheringen gefall ass. An der Schlussphase, kann de Bossers suguer nach en Eelefmeter paréieren, deen en eigentlech selwer duerch e mësslongenen Ofworf ageleed hat. E Puer Minutten viru Schluss aas dunn d’Flutlicht weinst engem Kuerzen ausgefall, sou dass de Match fréizäiteg ofgepaff gin as a Wincheringen mat 4:3 gewënnnt.

 

 

Merci all de Leit déi matgespillt hun, an och e Merci un eis Kollegen vu Wincheringen, déi eis gutt empfaang hun, a mat deenen mir den Owend bei enger gudder Hax an e puer Béier ausklénge gelooss hun.

 

 

Equipe: Yves Bossers, Änder Saeul, Claude Hoffmann, Sven Ekelmann, Steve Ekelmann, Claude Mergen, Dan Huss, Laurent Hurt, Christophe Frank

 

 

 

 

 

Share |