Ongeschloen an den Hierscht : Berbourg gewënnt 4:2 géint Bartreng

Gëschter sollten net nëmmen Temperaturen aussergewéinlech hëtzeg bleiwen. Den Zuschauer gouf eng Partie gebueden, déi dem Wierder an näischt nostoung an zum Enn kann eisen FCBB sech mat 4:2 géint Bartreng behaapten.


No e puer Minutten hat den Daniel Contrino déi éischt gutt Geleeënheet fir eis Faarwen, wei en alleng konnt op de Keeper duer lafen. Hien kritt de Ball och lanescht dësen, mee leider och lanescht de Goal.


An der 18 Minutt sollt den Ari Boussi et dann besser man. Och hien ass alleng duerch a knuppt de Ball laanscht de Keeper zum 1-0 eran. D’Freed sollt awer nëmmen vu kuerzer Dauer sinn. Eng Minutt drop kritt Barteng e Fräistouss 20 Meter virun eisem Goal. Eis Mauer stoung allem Uschäin no net richteg an de Ball schléit zum 1:1 an.

 

An der 31. Minutt dann den 1.2 fir Bartreng. E vun hiren Spiller gëtt am Strofraum ëmgerappt an den Arbitter weist op den ominéisem Punkt : Sécher verwandelt, keng Chance fir de Luis Lima am Berbourger Goal. Mat deem Resultat sollt et dann och an Paus goen.


Eisen Trainer huet sécherlech déi richteg Wierder fonnt, well mat ganz vill Elan kommen eis Jongen zréck op den Terrain. An der 54. Minutt fält dann den Ausgläich. Den Daniel Contrino gëtt schéin ugespillt a behält dës Kéier virum Keeper t’Iwwersiicht a schléisst äiskal zum 2:2 of.


Duerno sollten t’Evenementer sech iwwerschloen. Ee vun eise Verteideger verschätzt sech bei engem laange Ball an kann sech just nach mat engem Foul un der Stroofraumgrenz hëllefen. Den Arbitter huet dëst Foul zum Entsetzen vun alle Berbourger am Stroofraum gesin an nees op den Eelefmeterpunkt gewisen. No ville Reklamatiounen an och no Récksprooch mam Linienrichter huet den Arbitter seng Decisioun confirméiert.
De Schütze vum 1:2 ass nees ugelaf, mee dës Kéier konnt de Luis Lima géint säin fréiere Matspiller brilléieren andeems en den gutt geschossenen Eelefmeter hält.


Domat war et awer dunn nach net gedoen. Bei der nächster Aktioun ka sech de Michael Blau och just mat engem Foul hëllefen. Well en scho giel verwarnt war huet en dunn folglech missten mat giel-rout vum Terrain.


Eis Jongen hunn also missten eng hallef Stonn an Ënnerzuel spillen a Bartreng huet weiderhin vill Drock ausgeüübt an eis Equipe och virun deen een oder anere Problem gestallt. Mir hunn awer den onbedéngte Wëllen gewisen, fir en positiivt Resultat ze erzwéngen.

 

An der 80. Minutt kenne mer e Konter lancéieren, den agewiesselten Tommy Toppmöller stécht den Ball op den Claudio da Luz duerch an dësen mécht alleng virum Keeper all seng Erfahrung geltend a schiebt zum 3:2 vir eis eran.
Déi nächst 10 Minutten sollten dunn natierlech vun Bartrenger Ugrëffer gepräägt sinn, mee mir konnten weiderhin gutt verteidegen a wéineg Chancen zouloossen.


An der Nospillzäit dann nach ee Konter an nees gëtt den Claudio Da Luz schei fräi gespillt a schéisst den 4:2 fir eis.


Domat war den Match gehalen an den Här Sales huet eréischt guer net méi ugepaff. Esou kréien mir et hin aus 4 Matcher 12 Punkten ze huelen, chapeau Jongen!


Nächste Sonndeg,den 2. Oktober wäerte mer dann probéieren déi Bilanz auszebauen, wann ab 16:00 den Derby zu Jonglënster usteet.

 

E Merci eisem gudde Kolleg Norbert benner fir déi flott Photoëm, déi hien eis zur Verfügung gestallt huet.

 

 D’Jongen freeë sech iwwert är Ënnerstëtzung.

Equipe: Lima – Kauffmann, Diop, Weidert (C), Blau – Boussi (85. Costa), Sabotic, Leconte (46. Toppmöller), Da Cruz (70. Sauber), Contrino – Da Luz

 

Reserve: Faber, Costa, Sauber, Dos Santos, Toppmöller
Score:
1:0 Boussi (18.)
1:1 (19.)
1:2 (31.)
2:2 Contrino (54.)
3:2 Da Luz (80.)
42 Da Luz (92.)
Besonnesch Virkommnisser:
Lima hällt Eelefmeter (60.)
Giel-Rout fir de Michael Blau (65.)

 

Share |