Seniors I: 9 aus 3!

 

Yellow Boys Weiler-la-Tour – FC Berdenia Berbourg 2:4 (2:1)

 

 

An engem héichklassege Match, dee phasenweis wäit iwwert der Moyenne vum Niveau vun der 1. Divisioun louch, konnten sech déi Orange och am drëtte Match behaapten, a bleiwe weider als eenzeg Equipe am Bezierk ongeschloen.

 

 

Mat enormem Tempo hun béid Equipen ugefaangen, woubäi d’Yellow Boys an der 1. Halschent ëmmer en Ticken mei geféierlech waren. Nodeems déi 2 Equipen schon déi eng oder aaner Chance leien gelooss haaten, war et den Claudio da Luz an der 22.Minutt, dee per Kapp nô engem Corner d’Féierung vun den Berbuerger markéieren konnt.

 

 

E Fehler am Spillopbau befierdeelegt dann den Weiler Ausgläich an der 31.Spillminutt, wéi se den 1-1 per Wäitschoss erasetzen konnten.

 

Kuerz virum Téih, an der 39.Minutt, kruuten déi Giel dann een dach zweifelhaften Eelëfmeter zougesprach an konnten sech d’Féierung sëcheren.

 

 

No der Paus awer haat een d’Impressioun, wei wann d’Yellow Boys deem immens heigen Tempo vun der 1. Halschent hu missten Tribut zollen, an déi Berbuerger hun d’Zepter an d’Hand geholl. Op béiden Säiten waren et awer laang d’Goalkeeper, dei erausgestach hun, dei eng etlech richteg gutt Chancen verhënnere konnten.

 

 

Berbuerg huet weider Drock gemaach an koum ëmmer rëm zu geféierlechen Ugrëff. Sou och an der 75.Minutt, wei den Ari Boussi am Stroofraum gefoult gouf an e Stroofstouss zougesprach kruut. Den agewiesselten Tommy Toppmöller markéiert äiskaal.

 

 

Déi Orange hunn nët méi nogelooss a konnten an der 79. Minutt d’Féierung duerch den Ari Boussi markéieren, deen an den Stroofraum zitt a Keeper an Verteidegung keng Chance léisst.

 

 

Schlusspunkt setzt rëm den Da Luz, deen 2 Minutten virun Enn duerch eng Pass an d’Déiwt aleng op de Goal zitt a souverän rasetzen kann.

 

Staark Prestatioun an eng super Reaktioun an der 2. Halschent. Berbuerg verteidegt d’Tabellenspëtzt an leet dee beschten Start an der Veräinsgeschicht hinn!

 

 

FCBB: Lima – Kaufmann, Weidert(C), Dos Santos, Blau – Pires Santos, Sabotic, Diop, Da Cruz, Boussi – Da Luz

 

Reserve : Faber, Contrino, Toppmöller, Le Conte, Sauber

 

 

 

 

 

Share |