"Journée sans" fir eis Seniors 2

Spillbericht vum Championnatsmatch vun der Seniors 2

 

 

 

FC The Belval Belvaux - Berdenia Berbourg 6:1 (3:0)

 

              

 

Wieder: Reen 13°

 

Terrain: Syntheteschen (Naass)

 

Zuschauer: +- 40

 

Arbitter:  Weber Sebastien Emmanuel

 

Evolutioun vum Score:

 

1:0 / 2:0 / 3:0 (HZ)

 

4:0 / 5:0 / 5:1 / 6:1

 

 

 

Goaler:

 

Daniel Contrino

 

 

 

Giel Kaart:

 

Schrantz Bob

 

Chennaux Pit

 

 

 

Roud Kaart:

 

//////////////

 

 

 

Fazit:

 

 

“Mir si Berbuerg...”

 

Keng gutt Leeschtung hu mir zu Bieles higeluecht, dat ass dat mannst waat een soen kann. “Un jour sans...” seet de Franzous zu sou enger Leeschtung. Vun Unfank un war eng gewëssen Passivitéit an eisem Spill, sou daat de Géigner ëmmer genuch Plaatz haat fir ze kombinéieren, an sech deelweis ze einfach konnt Goalchancen erausspillen.

 

 

 

Sou huet et och no 3 Minuten fir d’’Eischt an eisem Filet gerabbelt. Keng Reaktioun, keen Aufbäumen, guer an glaat näischt...

 

 

 

Een Géigner dee wuel gutt war, mee bei Wäitem nët de Gabarit vun éisem Coupegéigner Käerjeng haat. Mee do war den Ansaatz an d'Laafbereetschaft eng aner.

 

 

 

Natierlech sin mir nët vum Pech verschount bliwwen... No 10 Minuten huet de Wenzel Schommer missen ausgewiesselt ginn. Bei engem Zweekampf kruut hien mat engem héijen Fouss d’Nues gebrach.

 

 

 

Et gëtt eng ganz haart Saison, wann d’Équipe sech net fënnt, an daat waat se kann nët ëmsetzt. Den nächsten Freideg hu mir géint Wuermer keen faux pas ze gutt.

 

 

 

3 Punkten an soss näischt.

 

„MI SIN BERBUERG!!!“

 

 

 

 

 

Équipe:

 

 

 

Bob Schrantz

 

Serge Hoscheid

 

Ben Ruppert

 

Yves Dahm

 

Chris Sauber

 

Serge Guth (c)

 

Daniel Contrino

 

Dany Leconte

 

Wenzel Schommer

 

Jérôme Oswald

 

André Canarias

 

Reserve:

 

 

Yannick Freitas (angewiesselt an der 10’ fir den Wenzel Schommer)

 

Pit Chennaux (angewiesselt an der 45’ fir den Serge Hoscheid)

 

Jo Pitzen  (angewiesselt an der 60’ fir den Jérôme Oswald)

 

 

 

 

 

Share |