Coupe: Seniors 2 verléieren am Eelëfmeterschéissen

Spillbericht vum Coupematch vun der Seniors 2

 

 

Berdenia Berbourg  -  UN Kaerjeng 97 2:4  (nô Eelefmeterschéissen)


 

Wieder: Angenehm 18°

 

Terrain: Syntheteschen

 

Zuschauer: +- 40

 

Arbitter:  Quiterio Diogo

 

Evolutioun vum score:

 

1:0   HZ

1:1

 

2:4 no Eelefmeter

 

Goaler:

 

Daniel Contrino

 

Giel Kaart: Sauber Chris; Guth Serge

 

 

 

Roud Kaart: //////////////

 

 

 

Fazit:

 

 

“Mir sin Berbuerg...”

 

 

Zum Match… Kommt d’nächsten Kéier kucken…  Et war derwärt!

 

 

D’Sensatioun ass éis nët gelongen géint den Favorit aus der éischter Divisioun. Et huet 82 Minutten laang dono ausgesin, daat éisen Plang opgoen géif. Do hun d’Gäscht een Eelefmeter zougesprach kritt deen sie zum Ausgläichstreffer genotzt hun.  Mee leider hun mir éis missen am Eelefmeterscheissen geschloen gin.

 

 

Eng éierbar an stolz Leeschtung hun eis Jongen géint d’Käerjenger hingeluecht. Et war éis am Viirfeld vun dëser Partie bewosst daat et keng normal Partie géing ginn. Éis Jongen sinn hongreg an heiss drop gewiecht dem Klassenprimus aus dem viirleschten Joer ee Fouss ze stellen.

 

 

Taktesch disziplinéiert a mat oppenem Viséier hu mir dem Match eisen Stempel opgedrëckt. Ee brennenden André Canarias ennerstëtzt vun den fantastesch gutt opgeluechten Daniel Contrino an David Schuster hun dem Géigner keng Rouh ginn.

 

Mee och d’Männer ëm den „Capitano“ Serge Guth, de Jérôme Oswald an de Wenzel Schommer hunn am Mëttelfeld déi néideg Mesuren geholl fir d’Spill optimal no fiir ze riichten. Hannen huet éis Véiererketten alles richteg gemaach. Den Ben Ruppert an den Yves Dahm hunn zentral, den Serge Hoscheid an den Chris Sauber op den Aussenpositiounen dicht gehaalen. De Sam Faber huet am Goal alles paréiert waat op d’Këscht komm ass.

 

 

De Steven Dos Santos, Fabien Petry an Pit Chennaux hun bei hiiren Anwiesselungen deen erhofften Impuls bruecht an mir beweisen domat, daat mir nach vill Substanz an eisen Reihen hunn.

 

 

De Jo Pitzen an den Laurent Laugs sinn och een Deel vun daer fantastescher Équipe. Optiounen déi zu all Moment vun der Bänk kommen können an fir déi Konkurrenz suergen fir dat die établéiert Spiller keng Rouh hun.

 

 

Goalchancen haaten mir der méi wei genuch, deen eenzegen Makel deen mir an deem Match zu Daag geluecht hunn, ass dat mer se nët genotzt hunn.

Trotz dem Resultat ass d’Zouversicht grouss an den Elan gestiegen op daer Leeschtung opzebauen fir am Championnat en Samsdeg zu Bieles die éischt 3 Punkten anzesacken.

 

 

„MIR SIN BERBUERG!!!“

 

 

 

 

 

Équipe:

 

Sam Faber; Serge Hoscheid; Ben Ruppert; Yves Dahm; Chris Sauber;Serge Guth ; Daniel Contrino; David Schuster; Wenzel Schommer; Jérôme Oswald;

 

André Canarias

 

 

 

 

 

Reserve:

 

 

 

Steven Dos Santos (angewiesselt an der 45’ fir den David Schuster)

 

Fabien Petry (angewiesselt an der 70’ fir den Daniel Contrino)

 

Pit Chennaux (angewiesselt an der 85’ fir den Steven Dos Santos)

 

Jo Pitzen  (nët angewiesselt)

 

Laurent Laugs (nët angewiesselt)

 

 

 

 

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0
Share |