Boussi hAttRIck bei der 4:1 Victoire géint Kayl/Teiteng

Union 05 Kayl/Tétange - FC Berdenia Berbourg 1:4 (0:2)

 

Um 2. Spilldaag si mer bei der Union Kayl/Teiteng ugetrueden an hunn domat scho géint den 2. Ofsteiger aus der Eirenpromotioun gespillt. An ähnlech wéi den éischten Match géint Reimech/Bous sinn eis Jongen vun Ufank un mat vill Schwong an d‘Partie gaangen.

Belounung koum dun och schon no 5 Minuten, wei den Ari Boussi eng schéin Aktioun mat engem Schoss an de Wënkel zum 1:0 fir eis Farwen ofschléisst.

Kayl/Teiteng huet duerno besser an d‘Spill fonnt, a si haaten och die eng oder aaner gutt Geleeënheet.

No enger Veirelstonn fällt dann den 2:0 fir Berbourg. Nô enger staarker Eenzelaktioun vum Boussi kann de Keeper säin éischten Schoss nach ofwieren, mee géint den Nôschoss ass en chancenlos.

Nodiems eise Geigner kuerz nôm Goal 2 mol ausgewisselt huet, haate si 2 gutt Chancen fir den Uschlosstreffer ze man, mee den excellenten Luis Lima war all Kéiers um Posten. Sou ass et dann och mam 2.0 an Paus gaangen.

Nôm Téi ass Kayl/Teiteng direkt drockvoll ugelaaf. Entgéint dem Spillfloss ka Berbourg an der 53 Minutt awer den 3:0 schéissen. Den agewieselten Dany Leconte brengt mat enger super Pass an t’Schnëttstell vun der Ofwier den Achmed Boussi an d’Spill, dien alleng virum Keeper dësen nach ausspillt an de Ball am eidelen Goal versenkt. D‘Moral vun eisem Géigner war dunn e bessi ugeknackst an hiert Spill ass mei ruppeg gin.

An der 68 Minutt konnt dunn och eisen 2. Joker stiechen. Nodiems de Keeper no engem Schoss vum Da Luz de Ball nëmmen säitlech konnt ofklatschen, stoung den Idelson Pires goldrichteg fir den 4:0 ze erzielen.

Duerno hun dei Kayler sech duerch eng Ondisziplieiertheet nach eng giel-rout Kaart agehandelt. Trotzdem gelengt hinnen an der 77 Minutt den Eirengoal no engem Schnitzer an eiser Ofwier.

Bei diem Score sollt et awer bleiwen a sou feiert eisen FCBB den 2 Succès am 2. Match a gréisst lo mol eng Woch laang vun der Tabellenspëtzt.

Eng schein Momentopnahm!

Weider am Programm geet et dann réischt Mëttwochs, den 21.09, wa mer um 19:30 h zu Weiler spillen.

Equipe: Lima – Blau, Weidert © (63. Sauber), Dos Santos, Kaufmann – Da Luz, Diop, Sabotic, Da Cruz (46. Leconte), Boussi – Toppmöller (65. Pires)

Reserve : Faber, Leconte, Contrino, Sauber, Pires

Goaler:

1 :0   Boussi 5 min

2 :0   Boussi 15 min

3 :0   Boussi 53 min

4 :0   Pires 68 min

4 :1 77 min

 

Share |