Op Besuch béi eisem Partnerveräin TuS Buisdorf

Zanter 2 Jâr huet eise Veräin eng Partnerschaft mam däitsche Veräin TuS Buisdorf, aus der Géigend vu Bonn. Duerfir huet eng Délégatioun vum Comité och gäeren d'Invitatioun ugeholl, op der Aweihung vun hierem neien Terrain derbäi ze sinn.

 

De neie Stadion zu Buisdorf besteet aus engem flotten Terrain mat Hybridrasen, Vestiairen a Buvette. D’Membren vum Veräin hunn d'Alentouren a ville Stonnen Eegenaarbecht aménagéiert, den Terrain selwer gouf vun der Gemeng financéiert.

 

 

Mir soën dem Präsident Thomas Bächer an senger Equipe e grousse Merci fir hir Gastfrëndschaft, an déi flott Stonnen déi mer bis elo zesummen verbruecht hunn.

Share |