Seniors 2: Trotz guddem Kampfgeescht eng Néierlaag géint Entente Déifferdeng/Luna

Spillbericht vum 2. Championnatsmatch vun der Seniors 2

 

Ent. FC Déifferdeng 03 / Luna  -  Berdenia Berbourg

2-0

Wieder: Angenehm 22°

Terrain: Syntheteschen

Zuschauer: +- 20

Arbitter:  Schmitt Jean

Evolutioun vum score:

0-1    HZ  0-2  

Goaler:

//////////////

Giel Kaart:

//////////////

Roud Kaart:

//////////////

 

Fazit: “Mir sin Berbuerg”...  Enttäuscht, sou kann een d’Gemidd résuméieren mat deem een d’Heemrees en Fréideg ungetrueden ass. Nët daat d’Resultat an däer héischt net gerechtfertegt wier, dofir war éis den Géigner einfach iwwerléen. Mee den Kampfgeescht an d’Bereedschaft iwwer sech erauszewuessen hätt einfach ee Punkt verdëngt.

 

Et ass einfach net méiglech mat sou Équipen matzehaalen wann een keng Mannschaft 2x hannerteneen opstellen kann fir sou  zu engem Kollektiv ze gin. Vakanzen, Verletzungen, Aarbecht an aaner Verhënnerungen sin éis am Moment einfach zum Verhängnis gin. Mee déi Phase geet och zu Enn.

Zum Match.... Een ganz staark opgeluechten Paul Crelo huet éis Faarwen ëmmer rem am Spill gehaal. Eng dozen Interventiounen gin op sain Konto an hien huet domadder souverän der Équipe den néidegen Reckhalt gin. Mir stoungen taktesch gesin ganz gudd do. Kompakt hun mir dem Géigner d’Stiir gebunden an iwwerfallarteg deen een oder aaneren geféierlechen Konter gesaat.

 

Ee groussen Probleem ass nach ëmmer d’Nervositéit am Spillopbau. Ze onpräzis, ze iwwerhasteg verléieren mir den Ball ze schnell rëm un den Géigner an erlaaben him domat éis ëmmer rem héich ënner Druck ze haalen. Duerch een individuellen Fehler kommen mir och an der 15’ 1-0 an Rëckstand. Zur selweschter Zait an der 2. Halbzeit, an der 60. Minutt kasseieren mir den 2-0, an daat rem op eng “einfach” Art an Weis... Mee mir hun och do rem gudd réagéiert an déi gréissten Goalchance haat den Jérôme Oswald op zouspill vum David Schuster.

Lo heescht et den Fokus op éisen Coupematch den Weekend doheem géint Kaerjeng ze lëen, een Eischtdivisionär mat Ambitiounen.

 

Mir sin Berbuerg!!!

 

 

Équipe: Paul Crelo;Serge Hoscheid; Ben Ruppert; Pit Chennaux; Fabien Petry; Yves Dahm; Serge Guth;Laurent Laugs;David Schuster;Wenzel Schommer;Jérôme Oswald

 

 

Reserve: Leandro Lopes Pereira (angewiesselt an der 45’ fir den Laurent Laugs)

 

 

 

Haut Freideg 9.September 2016 um 20:00 Auer spillt eis 2. Equipe doheem an der Coupe géint Käerjheng. Komm d'Equipe ënnerstëtzen. 

 

 

Share |