Berbourg verléiert héich an der Coupe de Luxembourg

Wentger - FC Berdenia Berbourg 6:3

Schons an der 2 Minutt déi éischt  grouss Chance fir Wincrange, am 1 zu 2  géint de Wentger Stiermer rett den Faber gutt mam Fouss. Duernô awer och eng gutt Chance fir Berbourg durch den Da Luz, dien gutt an Szene  gesaat gëtt vum Da Cruz, awer da mat sengem lenken Fouss verschéisst

Nô den éischten 5 Minutte déi extrem opregend waaren, dëmpelt de Match onspektakuläir virun sech hin, mat zwar vill Kampf am Mëttelfeld awer och vill Fehlpassen op béide Säiten.

An der 31' nô enger fantastecher Pass iwwer 25m vum Da Cruz, setzt de Boussi sech fir d'éischt géint de Verteideger an da géint de Keeper durch.

An der 33' Goal fir Wentger durch e Fräistouss aus 35m. Dann an der 43' Eelëfmeter fir Berbourg no Hands vum Wentger Verteideger, mee den da Luz verschéisst. Och den 2:1 fir Wëntger an der 52' fällt 
durch en Fräistouss.

Den 3:1 fällt duerch e katastrophalen Aussetzer vun der Berbourger 4er Ketten. De Stiermer steet am Abseits, mir bleiwen all stoen an den Mëttelfeldspiller deen net am Absäits stoung zitt alleng op den Goal a schéisst en eran.

De 4:1 duerch eng schlecht Reckpass  op de Faber, de Stiermer fänkt en of an schéisst en ouni Problem eran. Och de 5:1 fir Wentger fällt erëm durch e Fräistouss. An der 65' dann, nô super Virarbecht vum Dahm verschéisst den Toppmöller am 5m-Raum ouni Keeper am Goal, an der 73' dann awer Goal fir Berbourg durch den Toppmöller no gudder Virarbecht vum Da Cruz.

De 6:2, nô  schlechtem Stellungspill vun engem Berbourger Verteideger, geet de Stiermer vun Wentger alleng op den Goal an lupft de Ball  ganz schéin iwwert de Faber

De 6:3 da vum Pires op gutt Virarbecht vum Da Luz

Fazit: Defensiv e ganz schlechten Match vun eiser Équipe. Méi get et zu deem Match leider net ze soen. Mir hunn hoffentlech Léiergeld bezuelt a kaafen eis nexten Sonndeg gengt Kayl/Teiteng erem.  

Équipe: Faber; Petry; Dos Santos; Weydert; Kaufmann; Diop; Le Conte; Pires; Da Cruz; Boussi; Da Luz
Reserve: Blau Kai; Sauber; Dahm; Toppmöller 


Share |