Berbourg wënnt an der Fiels

Berbuerg kënnt gutt an de Match duerch eng grouss Chance fir den Tommy Toppmöller am 1 zu 1 mam Keeper, mee d'Verteideger kraatzen de Ball nach vun der Linn.  

An der 9. Minutt gi mer a Féierung duerch e Kappball vum LeConte nô Fräistouss vum da Cruz. Obschons d'Fiels ëmmer besser an den Match fënnt, gëtt et an der 35. eng weider  Grousschance fir eis Faarwen, no Flank vum Dahm steet den Toppmöller alleng virum Goal, schéisst awer riit op de Keeper.

An der 45. eng  Chance fir d Fiels op Ballverloscht vun eiser Verteidegung hinn,  kritt den Stiermer de Ball a schéisst vun 18m op den Goal. Kee Problem awer fir de routinéierten Bossers am Goal.

Nô engem gudden Freistouss an der 53. vum Da Cruz käppt den Tommy Toppmöller am 5m riit op den Keeper. 

Nô Corner geet den Fielser Spiller alleng an d' Luucht a käppt den Ball eran zum 1:1. 

Mee Berbuerg geet erëm a Féierung nô Eelëfmeter vum Da Cruz an et steet 1:2.

Eng  gutt Aktioun vum Kaufmann, dien nô engem Fräistouss de Ball zréck op den 5m leet, wou den Idelson Pires de Ball just nach eran dréckt, an den Endstand vun 1:3 hierstellt.

Fazit: Géint eng technech gutt Équipe an ouni eng ganz Reih Titulairen vu leschtem Sonndeg huet Berbourg sech relativ schwéier gedoen, an durch Kampf de Match gewonn. En positiven Optakt an der Coupe FLF. Och durch Kampf mussen mol Matcher gewonnen ginn.

2 Bemierkungen zum Schluss: Den Yves Bossers, dien schons viru geraumer Zäit séin Abschied gefeiert huet, huet bewiesen dat hien mat senger Erfahrung a sengem Asaatz, ëmmer nach e ganz gudde Keeper ass. Merci Yves, ob Dech ass ëmmer Verlooss.

E ganz groussen Luew muss awer och un de Chris Sauber goen, dee säi Seniorsdébut als Titulaire gemaach huet mat 17 Joer,  a fantastech 90 Minute gespillt huet. Weider esou Chris!

Équipe: Bossers, Petry, Weidert, dos Santos, Kaufmann, Le Conte, Sauber, Dahm, da Cruz, Toppmöller, Pires.
Reserve: Ruppert, Diop, Blau K.
Share |