2. Equipe verléiert 1. Match

Spillbericht vum 1. Championnatsmatch vun der Seniors 2

Berdenia Berbourg  -  FC Munsbach

3-5

Wieder: Waarm 32°

Terrain: Syntheteschen 

Zuschauer: +- 30

Arbitter:

Schockmel Jean-Pierre

 

Evolutioun vum score:

1-1 0-2 1-2  1-3  1-4  1-5  2-5  3-5  

Goaler:

Yves Dahm

Christophe Frank

Sven Luxemburger 

Giel Kaart:

Sam Faber

Roud Kaart:

//////////////////

 

Faszit:

“Mir sin Berbuerg”... Ënnert deem Motto wollten mir een Zeechen setzen, direkt vun Unfank un, weisen daat een gudden Start an dëst Saison trotz den villen “Ausfäll” méiglech wier. 

Et wier och méiglech gewiercht, géint eng Munsbacher Équipe, déi zwar eng staark Offensiv zu Daag geluecht huet, mee definitiv an der Defense ze knacken gewiercht wier. Daat mir keng angespillten an routinéiert Équipe um Terrain stoen haaten huet sech direkt no puer Minutten bemierkbar gemaach. Zevill individuell Fehler am Spillobbau an Stellungsfehler am Entrejeu hun et der Auswärtséquipe einfach gemaach zum Oofschloss ze kommen.

Waat mir onbedëngt zrëck haalen mussen vun dësem mësslongenen Optakt ass daat mir trotz den spillereschen Defiziter, ëmmer “Haerz” bewiesen hun an och beim Score vun 1-5, ëmmer rem probéiert hun éis runzekämpfen.

Den Match hätt och kéinten kippen, wou mir beim Score vun 1-2, eng Hellenwull Chancen ausgelooss hun fir den ausglaich ze markéieren. Mee sou ass den Football an et läit un éis, nächsten Fréideg zu Déifferdèng eng Reaktioun ze weisen.

Mir sin Berbuerg!!!

Équipe:

Sam Faber

Serge Hoscheid

Eric Frondizi

Pit Chennaux 

Chris Sauber

Danny Leconte

Alex Thill

Yves Dahm

David Schuster (c)

Frank Christophe 

Sven Luxemburger 

 

 

Reserve:

 

Kai Blau (45’ angewiesselt fir den Alex Thill)

Jacques Scholtes (45’ angewiesselt fir den Serge Hoscheid)

Laurent Laugs (82’ angewiesselt fir den David Schuster)

Bob Schrantz (nët angewiesselt)

 

 

Share |