Top Start an déi nei Saison


Top Start an dei nei Saison

Mat engem souveränen an och an där Heicht verdingten 6-1 Succès geint t’Union Remich/Bous starten eis Jongen an dei nei Saion.

Vun Ufank un hun die Orange dobai gewisen, wien Här am Haus ass an hun dem Ofsteiger aus der Eirenpromotioun keng Chance geloss.

Schon no 10 Minuten konnten den Ibrahim Diop mat engem platzeierten Schoss aus ronn 17 Meter den 1-0 markeiren.

10 Minuten drop verwert den Nadilson Dos Santos en Corner vum Christophe Da Cruz zum 2-0.

Nëmmen 2 Minuten mei speit: Nexten Corner vum Da Cruz, dës Keier ass et nees den Diop dien zum 3-0 ofschleissen kann.

Remech/Bous wor komplett vum Rouleau, dëst huet Berbourg konsequent ausgenotzt. De Geigner kritt den Ball net aus dem 16er degageiert an den Christophe Da Cruz kann schein zum 4-0 eran setzen.

Direkt nom Goal huet den souveränen Arbitter Reisch de Spiller bei dienen summerlëchen Temperaturen eng Drënkpaus accordeiert.

No dëser war et an der 39 Minuten den Ahmed Boussi, dien mat engm Vollspaanschoss an den lënke Wënkel vun der rietser Stroofraumsait aus den 5-0 markeiert.

No der Paus waren et fir t’eischt eis Gäscht, dei sech an Szene setze  konnten. No engem Feeler an eisem Stroofraum um geignereschen Stiermer weist den Arbitter op den Elefmeterpunkt.

Den Luis Lima am Berbuerger Goal  hält den fällegen Schoss fest, sou dass et beim 5-0 bleiwt.

An der 59 Minutt souguer den 6-0: Den Boussi setzt zum Dribbling un an schleisst souverän of.

Duerno hun eis Jongen e Gang zreckgeschalt. Divers Chancen goufen sech awer nach erspillt, mee se hun zu kengem weideren Goal gefouert.

An der 83 Minutt gelëngt eisen Gäscht dann awer nach den Eiregoal.

Mat enger ganz uerdentlecher Prestatioun kreien mer dann verdingter moossen dei eischt 3 Punkten op eise Konto. Bravo Jongen!

Dës Woch ass dann t’Coupe um Programm:

En Mëttwoch, den 31.08.16 spillen mer um 19.30 h an der Fiels die eischt Ronn vun der Coupe FLF an e Sonndeg, den 4.09.16 steet den eischten Tour an der Coupe de Luxembourg um Programm, wa mer um 16.00 h bei der AS Wëntger untrieden.

T’Jongen freen sech iwert är Ënnerstëtzung.

Opstellung

Lima – Blau, Dos Santos, Weidert ©, Kaufmann – Da Luz , Diop, Sabotic (67. Sauber), Da Cruz (65.Pires), Boussi (60. Dahm)- Toppmöller

Reserve: Pires, Leconte, Petry, Dahm, Sauber

Resultat: Berbourg  : Remich Bous 6-1 (5-0)

Goaler: 1-0 Diop 10 min

                2-0 Dos Santos 20 min

                3-0 Diop 22 min

                4-0 Da Cruz 30 min

                5-0 Boussi 39 min

                6-0 Boussi 59 min.

                6-1 Remich 83 min.

Giel Kaarten: /

Besonnesch Virkommnisser: Lima hält Elefmeter (50 min). 

                

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0
Share |