Pupillen : Bravo vir eng aussergewéinlech Saison 2015/2016!

 

Matt 16 Victoiren, engem Remis an enger Défaite an 18 Championnats-Matcher vun der Saison 2015-2016 sin eis Pupillen an hir verdengten Summerpaus gaangen, dëst matt engem Goalverhältnis vun  125:39 !  

 

Zielt en d’Goaler vun den verschiddenen Turnéier dobäi, hun d’Jongen iwwer 230 Goaler an dëser Saison konnten markéieren; Respekt !

 

Et ass awer nët vum selwen gaangen a bei 6 Matcher waren mer nach an der Paus am Reckstand. 5 dovunner hun mer nach zu onsen Gonschten konnten entscheeden. Dëst ënnersträicht t’Moral an den Equipegeescht vun dese Jongen.

 

5 Tournéier konnten mir an der Saison gewannen, dovun den lëschten matt 12:0 Goaler.  2 Mol hu mer eng zweeten Plaatz gemacht, dorënner och um internationalen Tournéier zu Iechternach, wou mir ënnert 16 Equipen just an der Final vum Futsal-Gewënner Schëffleng no Elefmeter gestoppt goufen.

 

Am spektakulärsten war awer den prestigiéisen internationalen Kinder Youth Cup zu Wuermeldeng, wou mir et an d’Finalronn gepackt hun, an eis just matt 1:2 géint t’AS Nancy, 0:1 géint den Virjoresgewënner Troyes an 0:2 géint den dësjähregen Gewënner 1. FC Kaiserslautern hun missten geschloen gin.  

Um Enn sollt eng exzellenten 8. Platz enner 30 Equipen eraus sprangen, domatt waren mir och déi 3. bëscht lëtzebuerger Equipe.

 

Vir t’éischt an 14 Joer iwwerhapt sollt et eng letzebuerger Equipe bei desem Traditiounstournéier an t’Final packen : Menster. Um Wee vir dohinner hun sie ennert aneren den FC Metz matt 3:1 geklappt an an der Finale hun sie sech just missten dem 1.FC Kaiserslautern am Elefemeterschéissen geschloen gin. Grousst Kompliment u Menster !

 

6 Deeg méi spéit hun mir genau des Menster Equipe am Championnat zu Berbuerg konnten begréissen…   An eisem beschten Match vun der Saison hun eis Jongen déi stark Equipe vun Menster  matt 8:4 heem geschëckt.

 

Bravo Gerry, Sam, Pit, Leo, Daniel (d’Spiller vu Berbuerg), Louis, Rico, Christoph, Ayman, Bryan, Tomas M, Tomas P, Enzo, Ben a Lenny (d’Spiller vu Maacher) vir déi aussergewéinlech Saison.

 

Maacht weider esou Jongen, dann kréien de Berbuerger a Maacher Veräin matt iech nach vill schéin Momenter. Och eisem Ententepartner, dem CSG an virun allem dem Lui, Leon an Gerry en decken Merci vir déi gudd Zesummenarbecht iwwert déi komplett Saison.

 

Félicitatiounen vum ganze Comité an der Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg fir dës stark Saison, a Merci och un d’Traineren fir déi vill Aarbecht, déi Dir Iech gemach huet.

 

Spiller an Trainer, mir sinn houfreg op Iech Alleguerten.

Share |