Seniors 1: Frëndschaftsmatch géint FC Jeunesse Biwer

Am Kader vun der Aweihung vum neien syntheteschen Terrain zu Berbourg, duerch de Schoul- a Sportsyndikat Synecosport, fënnt dëse Freideg, 8. Juli  2016 um 20:00 Auer en interessanten Frëndschaftsmatch statt.

 

Zum Optakt vun der neier Saison geet ët am Lokalderby, um syntheteschen Terrain, géint d'Equipe vu Jeunesse Biwer. Béid Veräiner hu sech an der Summerpause gutt verstäerkt, dëse Match bitt eng éischt Geleeënheet, d'Neizougäng an déi aal Spiller um Terrain an Aktioun ze gesinn.

 

Fir Gedrenks a Gegrills ass gesuergt. 

 

Share |