Vill Changementer zu Berbuerg

Hei de Resumé vun all eisen Kaderbewegungen an der Summerpaus:

 

Wéi schonn bekannt war, hänkt den Tom Hubert seng Fussballsschong un den Nol an geet an seng wuelverdéngten Pensioun. Gläichzäiteg wiesselt den Marius Reiter aus zäitlechen Grënn erëm zréck bei säin Heemechtsveräin, den SV Schleid an den Dan Huss wiesselt op d’US Mondorf, wou en sech em d’zweet Equipe këmmeren wiert.

 

Verloossen mécht eis zudeem den Serge Thies deen et beim FC Biwer probéieren dierf. D’Ofgäng vum Julian Roderich an Can Kiral waren jo schonn während der Réckronn beschloss gin. Den Jannick Stommes pauséiert ee Joer, fir sech vun sengen villen Verletzungen ze erhuelen. Mam Nico Hartmann, deen an der Wanterpaus zu eis gestouss ass, gouf net méi verlängert, genausou wéi mam Noé Kohl an Jerry Boever, si falen un hiren Heemechtsveräin zréck.

 

Leider verléisst eis dann och eisen Kapitän: De “Frigo”, den Filipe Dias Ramada zitt et aus Distanzgrënn bei den Opsteiger op Izeg. Hien wäerten mer dann erëm als Géigner zu Berbuerg begréissen kënnen.

 

All den Jongen vun Veräinssäit aus een groussen Merci an mir wënschen hinnen natierlech Bonne Chance bei hiren neien Aufgaben.

 

Lo awer zu eisen Neizougäng:

 

Wéi och schonn vermellt, kënnt bekanntlech den Ibrahim Diop als Spiller-Co-Trainer vun Monnerech. Den Sven Luxemburger stéisst als Stiermer vun der SSG Mariahof zu eis an den Nadilson Dos Santos kënnt als Verteideger vum Fc Mamer.

 

Vun der DJK St. Mathias Trier kënnt de Michael Blau (22) eis defensiv verstäerken, säi Bruder de Kai Blau (24), wiesselt och bei eis, a kënnt als Verteideger vun der SV Olewig.

 

Vun Bartreng kennt een erfuerenen Keeper bei eis, den Luis Lima (35). Aus der Millebaach kennt een flénken Mëttelfeldspiller, den Idelson Pires (33). Dann confirméieren mer och lo deen Transfert, deen och schonn an der Press stoung: Vun CS Oberkorn kennt den Christophe Da Cruz (32) bei eis, fir eist Mëttelfeld ze stabiliséieren.

Dann kënnen mer eis déi nächst Saison och op d’Asätz vun 2 fréier Nationalspiller freeën: Den Ex-Kapitän vum Stater Racing, den Ernad Sabotic (35) probéiert no schwéierer Verletzung erëm Fouss ze faassen. Hien war läscht Saison zu Weiler, allerdéngs ouni Asaatz. Och vun Weiler kënnen mer dann op d’Servicer vum Stiermer Claudio da Luz (36) zréckgräifen. Hien huet eis déi läscht Joren oft genuch bewisen, zu wat en nach fäheg ass, elo kann en eis eppes erëmginn.

 

Een weideren Stiermer hu mer vun Éinen verflicht: Den André Costa (23) kënnt vum FC Vinesca a wunnt zu Berbuerg.

 

Vun der Union Remich/Bous kënnt den Yannick Freitas (18) – Mëttelfeldspiller, sou wei och vun der US Berdorf/Consdorf den Laurent Laugs (18). Als Oofwierspiller hu mer eis dann och zousätzlech mam Chris Sauber (18) vun Grevenmacher verstäerkt.

 

Zu gudder läscht, hu mer dann och nach een neien Seniors Réserves Trainer: De Jorge Freitas kënnt vun der US BC01 an këmmert sech em eis zweet Equipe. Eis Reserven stinn och dëst Joer rem op eegenen Féiss, nodeems d’Entente mam CS Grevenmacher eis net déi erhofften Resultater bruecht huet.

 

Dier gesitt, et huet sech ganz vill gedoen. Mat eisen neien Rekrutementer erhoffen mer eis, déi nächst Zäit rëm a méi rouegen Gewässer vun der Tabell kënnen ze stoën an rëm méi Stabilitéit an eis Equipe ze kréien.

 

All eisen Neien heeschen mer op dëser Platz natierlech “Häerzlech Wëllkomm” an wënschen hinnen Bonne Chance bei hiren neien Aufgaben.

 

Share |