Saisonsenn béi de Cadets

 

Cadets 1

 

Eischt Néierlag an der Réckronn

 

Entente CS Grevenmacher Berbourg Biwer – Ent. Grengewald  1:5

 

An engem Match ouni reel Wichtegkeet huet eis Equip am leschten Heemmätch vun der Saison géint E. Grengewald eng kräfteg op d’Mutz kruut. D’Resultat ass allerdings däitlech ze héich ausgefall an spigelt net de Verlaaf vum Spill zreck.

 

Eis Equip huet gutt ugefang an huet sech an der éischter halwer Stonn och am Usaatz e puer gutt Aktiounen Richtung Goal vum Géigner gehaat, ouni awer richteg geféierlech ze gin. Kurz virun der Paus ass E. Grengewald mat der éischter reeler Aktioun an Féierung gang, wie se vun engem Stellungsfehler an der Verteidigung profitéiert hun. Kurz no der Halbzeit baal de selweschten Szenario mat engem zweeten Gool fir de Gegner.

 

Kuerz duerno hun mir den Uschlossgool geschafft an haaten nach eng Kéier Elan opgeholl fir de Mätch ze dréihen. Dun huet awer d’Verletzung vum Nick am Goal e Strich durch d’Rechnung gemach. Ouni richtegen Keeper hun mir dun nach weider 3 Goaler kasséiert. 

 

Goal: Goncalves

 

Equip: Assel - Backes – Welsch – Becker – Lopes – Noth – Bock J. – Oswald – Steffen – Ferreira – Hari – Bock N. – Goncalves – Gretsch - Kring

 

 

Aus an der Véierelfinal vun der Coupe des Cadets

 

Swift Hesperange – Entente CS Grevenmacher Berbourg Biwer 2:1

 

An engem gudden an intensiven Mätch hun eis Jongen eng engagéiert Leeschtung op den Terrain bruecht an nemmen knapp géint e Gegner aus der 1. Klass verluer. Die 1. Halbzeit hun beid Equipen taktesch ganz disziplinéiert gespillt an net vill zougelooss. Bei zwou Geleeënheeten  fir Hesper am Ufank vum Match huet de Yannick Goncalves am Goal excellent reagéiert. Duerno huet d’Spill sech emmer méi ausgeglach an keng Equip huet méi eppes zougelooss bis zur Halbzeit.

 

Direkt no der Paus war et d’Féierung fir Hesper, wie eis Verteidiger bei enger Flank e Schratt ze spéid koumen an den Hesper Spiller akäppen konnt. Nemmen 3’ spéider hun imir ausgeglach, wie den A. Ferreira e Ball aus de Féiss stibitzt huet an an den eidelen Goal ofgeschloss huet. Leider war dann nees nemmen 5’ méi spéid, wie die Hesper op eng gudd Art a Weis eisen Fehlpass am Mettelfeld genotzt hun fir schnell an d’Spetzt ze spillen an op e Neies an Féierung ze goen. De Mätch war definitiv lancéiert an die zwou Equipen hun sech näischt geschenkt. Mir hun emmer méi d’Hand iwert d’Spill kritt an Hesper huet missen mat allen Mann verteidigen fir de Virsprong iwert d’Zäit ze retten. Dat ass hinnen och gelong well mir keen richtegen Ofschloss méi géint eng ganz groupéiert Defensiv fonnt hun.

 

Leider bedeit des Néierlag den Aus an der Coupe, mais eis Equip kann de Kapp héich aus der Compétitioun gon.

 

 

 

Goal: Ferreira

 

Equip : Goncalves Y. – Backes – Becker – Welsch – Lopes – Zimmer – Steffen – Sulejmani – Oswald – Goncalves F. – Ferreira – Noth – Kring – Bock J. – Schiltz

 

 

Cadets 2

 

Union Remich/Bous - Entente Berbourg/Biwer/CSG   4:2 (2:1)

 

Am leschte Match vun der Saison gouf et bei miserablen Wierderconditiounen eng 4:2 Néierlag zu Bus géint d'Union Réimech Bus. Et war e Match ouni grouss Bedeitung fir d'Klassement tëschent 2 Equipen, déi sëcherlech bessere Fussball spille können, wéi dat wat se e Samsdeg gewisen hun.

 

Goaler : Junior GONCALVES a Glenn ARTOIS

 

Equipe : Sam KONSBRÜCK, Jo PITZEN, Jérôme KRING, Luca WEISGERBER, Bryan SOUSA, Junior GONCALVES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Cyrille NICKELS (C), Pierre GRETSCH, Luis RIBEIRO an Yves RIEHL

 

 

 

Share |